Search

You may also like

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg
Money Neiegkeeten

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg

De leschten Dënschdeg hunn sech ronn honnert Mataarbechter vum Betreiungspersonal

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen
Money Neiegkeeten

Winterlights: D‘Stad Lëtzebuerg léisst Chrëschtdag net ausfalen

Um Mëttwoch huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer zesumme mat de Schäffe

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!
Money Neiegkeeten

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!

Aus Däitschland héiert een, datt d’Coifferen an och aner Kosmetikberuffer

money

Finanzplaz Lëtzebuerg verlängert Kollektivvertrag

Finanzplaz Lëtzebuerg verlängert Kollektivvertrag

Op der Finanzplaz Lëtzebuerg ass et d‘ALEBA, déi d‘gewerkschaftlech Marschrichtung virgëtt, an déi huet elo emol ugekënnegt, datt si et konnt bewierkstellegen, zumindest en Accord um Prinzip fir d‘Erneierung vun de Kollektivverträg am Bankesecteur an am Assurancësecteur errongen ze hunn.

Esou heescht dann elo, datt d‘Kollektivverträg vun der Finanzplaz Lëtzebuerg fir dräi weider Joer gülteg sinn. Si hunn sech also dës kéier séier verstännegt kritt. Dat war 2018 nach anescht, wou d‘Gewerkschaft 18 Méint verhandelt huet, bis dann endlech d‘Ënnerschrëfte geleescht goufen. Déi schéngen sech duerchgesat ze hunn, wann ee sech esou séier eens konnt ginn et derbäi ze loossen.

Vläicht huet awer och déi sanitär Kris eppes derzou bäigedroen. Wann et zwar richteg ass, datt de Banken- an Assurancësecteur vun der Covid19-Pandemie éischter manner „getraff“ ass, esou war net sécher ob sech d‘Patronatsvertrieder vun: ABBL (de Verband vun de Bänker), an d‘ACA (dat ass de Beruffsverband vun de Versécherungen) op d‘Initiativ vun der ALEBA géifen agoen.

Wann e vun enger 1% Enveloppe fir d‘Joren 2022/23 ofgesäit, huet keng nei Errongenschafte ginn, an awer ass ee bei der ALEBA ganz mam Resultat zefridden. De Generalsekretär Laurent Mertz hält déi bestoend Kollektivverträg nach ëmmer fir fortschrëttlech an innovativ. Hei géifen ëmmerhi bis zu 1,5% vun der Salariat-Mass fir Weiderbildung a Formatiounen opgewannt ginn. Dat ass ee Batz.

Et sinn zudeem wichteg Formatiounen déi der digitaler Transitioun, déi jo och a vläicht esouguer besonnesch am Bezuch op d‘Finanzplaz, eng inherent Roll bei der Entwécklung vum Secteur spillt. Ob et dann elo och bei de Paie a Sonnerleeschtunge fir de gehuewene Management zu vernënftegen Aschränkunge kënnt? Wuel éischter net, déi wësse wou de Schlëssel zum Tresor verstoppt ass.

Illustratioun: © Jan Antonin Kolar / unsplash

Related topics ABBL, ACA, ALEBA, Assurancësecteur, Bankesecteur, Finanzplaz
Next post Previous post