What the Fakt – 52 Käerze fir de Kurt Cobain!
Mat der legendärer Grunge-Band „Nirvana“ ass hien zum Virbild, Idol
Am Regierungsprogramm 2018-2023 gëtt d‘Gläichstellung vu Mann a Fra als
Zesumme mam Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet de klenge Grupp sech duerch d’COVID-19-Teststatioun um Findel guidéiere gelooss. Ëm d’Presentatioun hu sech de René Steinhaus, CEO vum Lux-Airport, an de Jean-Luc Dourson, Direkter vu Bionext gekëmmert.
Wie mam Fliger ukënnt kritt verschidde Formater vum Depistage proposéiert. Fir déi Reesend ass et den einfachste Wee sech testen ze loossen, wärend d’Santé dës effikass Moossnam als Kontroll a Limitatioun vun den Infektiounen notzt.
An dësem Kader huet de Groussherzog sech aktiv bedeelegt an um Depistage deelgeholl.
Uewe fannt Dir eng Billergalerie zur Visitt vu S.A.R. dem Groussherzog um Findel © Cour grand-ducale / Kary Barthelemey