Search

You may also like

D’Regierung dréit d’Auer zeréck.
Neiegkeeten

D’Regierung dréit d’Auer zeréck.

déi Lénk sinn entsat iwwert d’Decisioun vun der Regierung, fir

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft
Neiegkeeten

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng Kollaboratioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Kellerei Bernard-Massard déi scho laang hält. Mat der Cuvée „Schueberfouer“, déi 2018 déi 8. Editioun presentéiert, gëtt ëmmer e soziale Projet ënnerstëtzt.

Déi Fläschen – se sinn op ronn 1.500 Stéck limitéiert – sinn zanter hirer Aféierung 2011 e begierte Sammlerstéck. Da läit bestëmmt um gudde Cremant, awer virun allem dorunner, datt op der Fläsch ëmmer d‘Affiche vun der Schueberfouer als Etikett benotzt gëtt.

Et kritt een se dann och logescher weis nëmmen op der Fouer, an aus Erfarung ka gesot ginn, datt ee sech mat Zäite muss bäi maachen, wann een ee vun de gléckleche wëll sinn. Vun all Fläsch gi 50 Cent vum Verkafspräis, un eng Associatioun gespent.

Dëst Joer ass et d‘Associatioun „daaflux“ Asbl, déi als Beneficiaire auserwielt ginn ass. Daaflux, engagéiert sech fir Mënschen déi Daf sinn oder schlecht héieren. Egal op an engem haislechen oder beruffleche Kontext. Si hunn derzou bäigedroen d‘Gebäerdesprooch an d‘Legislatioun anzeféieren.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Cuvée Bernard-Massard, Daaflux, Schueberfouer 2018, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post