Search

You may also like

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen
International Neiegkeeten

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung huet zesumme

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
International Neiegkeeten

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!

Et ass ee Film den d’Geschicht vun der Band Queen

Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef am Afghanistan
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef am Afghanistan

D’Situatioun am Afghanistan ass schlëmm. An dësem Konext huet de

+2,7°C fir de Klima

De leschten UN-Weltklimabericht ass esou schlecht, wéi déi virecht, just mat aneren Zuelen

+2,7°C fir de Klima

Laut dem UN-Generalsekretär befanne mir eis op engem „katastrophale Wee“, woubäi zanter 1972 gewosst ass, datt déi international Gemeinschaft weder politesch nach wirtschaftlech gewëllt ass Natur an Ëmwelt, also folgerichteg och de Klima, ze schützen. Et geet Allen nëmmen ëm de Goss an d‘Muecht dat dëst Geld verléint…

Trotzdeem muss sech den UN-Generalsekretär Antonio Guterres dësem neie Klimabericht unhuelen an zumindest weider Warnen, och wa kee lauschtere wëll. An dësem Bericht hunn d‘Analysten sech mat den nationale Verflichtungen a Saache Klimaschutz, vun 191 Länner beschäftegt. Déi hu sech am Kontext vum Paräisser Ofkommes derzou verflicht d‘Äerderwiermung op ënner zwee Grad am Verglach zum virindustriellen Zäitalter ze begrenzen. Et gouf vill versprach, wéi dat esou Usus ass.

Fir, esou wéi datt emol decidéiert gouf, d‘Äerderwiermung ënner +1,5°C ze halen, bréicht et aktuell zimlech krass a wäitreechend gesellschaftlech Ännerungen. Dat wëssen alleguerten déi wou hannert de Rudder vun der Muecht stinn, d‘Wëssenschaft huet et scho bei der UN-Weltëmweltkonferenz zu Stockholm (1972) däitlech drop higewisen, datt mir aus Gier, Näid an Egoismus hei lande géifen.

An esou renne mir, gedriwwe vun der Industrie a Wirtschaft, déi wichteg demokratesch Prozesser längst mëttels „Groussfinanz“ ausgeschalt hunn, mat oppenen Aen an d‘Verdierwen. Interessant als Zwëscheremark, d‘Kulturhaaptstad Esch2022 beschäftegt sech „kulturell“ mat der kommerzieller Notzung vum Weltraum, an der Eventualitéit, datt sech de Mënsch do en „zweet Liewen“ kéint oder misst ariichten. Et ass awer nach net esou, wéi wann déi Kulturschaffend de Klima opginn hätten.

16% iwwert dem Wäert vun 2010

Mir mussen eis Emissiounen elo reduzéieren, domadder ophalen eis Biedem, Waasser an d‘Loft ze verschmotzen… Also „Mir“, domadder sinn all déi gemengt, wou Aussiichten hunn biologesch iwwer 2038 eraus nach Deel vun der Weltbevëlkerung ze sinn. Jiddefalls geet et sech net op, wann ee muss um Enn vun engem Joerzéngt feststellen, datt all eis Emissioune géintiwwer 2010 ëm 16% zougeholl hunn. De Räichtum vun den „1%“ dierft ëm dee selwechte Wäert geklomme sinn…

D‘Länner waren zudeem opgeruff ginn, bis 2020 hir national Beiträg ze iwwerschaffen. Elo ass et 2021, an schonn am Juli haten 113 vun den 191 Länner eng Virlag ofginn. Muss wuel dem Covid19 geschëlt sinn… An esouguer mat deem wat elo hei geliwwert ginn ass, sinn d‘Analyste wéineg bis guer net zefridden. Och mat den Zousoe vun dësem Grupp vun 113 Länner, zu deene mir gehéieren, léiche mir 2030, nach ëmmer 12% iwwert dem Wäert vun 2010. Interessi besteet also net wierklech.

A sechs Woche geet am schottesche Glasgow, déi grouss Klimashow COP26 un de Start. Hei dierft eleng de Karbon-Foussofdrock vun de Gäscht um Niveau vun der „Flucht aus Kabul“ leien, woubäi hei keng Flüchtlingen ze bekloe sinn… also nach net. Et brauch ee sech näischt virzemaachen, och do gëtt et just Blabla an de Besoin sech am beschtméigleche Liicht ze presentéieren. Wëll heeschen, datt sech drop konzentréiert gëtt: „Ech hu méi gemaach wéi…“ Fir de Recht ass d‘Bier geschielt…

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Äerderwiermung, Antonio Guterres, COP26, Klimabericht, Klimawandel, UN-Generalsekretär
Next post Previous post