Search

You may also like

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien
Neiegkeeten

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien

Scho virun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg ee grousst touristescht

Aktiounsdag: Loosst d’Kand an Iech eraus!
Neiegkeeten

Aktiounsdag: Loosst d’Kand an Iech eraus!

Haut fënnt e ganz besonnesch spaassegen Aktiounsdag, nämlech de „Sidd-nach-emol-e-Kand-Dag“

Editorial: Keng Zäit ze verléieren
Neiegkeeten

Editorial: Keng Zäit ze verléieren

Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!

D’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer, huet, zesumme mam Stengeforter Buergermeeschter Guy Pettinger an de Membere vum Gemengerot d’Konventioun zur Kollaboratioun fir d’Gläichheet tëscht Fraen a Männer um lokalen Niveau ënnerschriwwen. Domat gëtt Stengefort zur éischter Gemeng, déi dëse Schrëtt a Richtung Gläichstellung vun de Geschlechter ageet.

Beim feierlechen Evenement huet de Buergermeeschter Guy Pettinger ënnerstrach, datt hien alle politesche Responsabelen zu Stengefort seng Gléckwënsch ausspriecht fir déi proaktiv Approche an de Wëllen, fir d’Gläichheet tëscht Fraen a Männer an alle Beräicher ze garantéieren. Vu senger Säit aus begréisst hien d”Ënnerstëtzung vum Ministère fir esou ambitiéis Projete fir d’Gemeinschaft auszebauen.

Geet et ëm d’Gläichstellung am Alldag, da gëllt d’Gemeng als essentiellen Acteur zur Bedeelegung. Op engem Terrain wou Fraen, Männer, Meedercher a Jonge gemeinsam Aktivitéiten ausüben, sech zesummen an lokalen Associatiounen a Vereenegungen engagéieren, ass d’Interaktioun mat de Mataarbechter vun de Gemengen a politesche Responsabelen noutwenneg. Esou no um Bierger ass et hir Aufgab, d’Besoine vun der Populatioun ze analyséieren a sech fir seng Leit anzesetzen.

Als berodende Partner steet de Ministère den ënnerschreiwende Gemengen zur Säit an hëlleft bei der Ëmsetzung vun enger nohalteger Politik. Dës enk Kollaboratioun ass duerch eng Konventioun festgehalen, duerch déi verschidden Etappen an Demarche vun der Partnerschaft tëscht Staat a Gemeng festgehale sinn.

Momentan proposéiert de Ministère dës Begleedung un 102 Gemengen uechtert d’Land, All Gemeng, déi um Pilot-Projet deelhuele wëll, ka sech ab elo un d’Departement „Gläichheet an de Gemengen“ (communes@mega.etat.lu).

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Andy Gilberts, 2. Schäffe vun der Gemeng Stengefort; Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer; Guy Pettinger, Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort; Sammy Wagner, Schäffin vun der Gemeng Stengefort © Gemeng Stengefort

Related topics Geschlechtergläichheet, Guy Pettinger, Konventioun, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Stengefort, Taina Bofferding
Next post Previous post