Search

You may also like

Wann der de Boxekueder opstoe bleift
Neiegkeeten

Wann der de Boxekueder opstoe bleift

An Amerika gehéiert et zum gudden Toun, sech op oppener

Den Europäesche Gedenkdag un d’Affer vum Stalinismus an Nationalsozialismus
Neiegkeeten

Den Europäesche Gedenkdag un d’Affer vum Stalinismus an Nationalsozialismus

Den haitegen europäesche Gedenkdag un d’Affer vum Stalinismus an Nationalsozialismus,

Brasilien an de Klimawandel: Keng „Love Story“
Neiegkeeten

Brasilien an de Klimawandel: Keng „Love Story“

Den imminent noutwennege Schutz vun der Natur an de Ressource

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg

En autofräien Dag fir d‘Stad Lëtzebuerg

déi gréng (Sektioun Stad) hunn zwou Motioune virbereet, iwwert déi e Méindeg am Gemengerot soll befonnt ginn. Déi si wuel gutt motivéiert, dierften awer – och well déi gréng zur Oppositioun gehéieren – wéineg Aussiichten hunn ugeholl ze ginn.

Mat hirer éischter Motioun, wëllen déi gréng d‘Stad vun der Sënnhaftegkeet vun engem autofräien Dag an der Haaptstad iwwerzeegen. Esou en Dag „ouni Auto“ géif d‘Leit sensibiliséieren an déi „douce“ Mobilitéit fërderen. Zudeem géif den Autofräien Dag vun den Awunner ganz gutt opgeholl ginn, wéi de Succès vum de 17. September 2017 organiséierten Dag ouni Auto géif beleeën.

Fir déi gréng sollt dann och net nëmmen 2020 nees en autofräien Dag organiséiert ginn, mee et sollt een sech drop eenegen all Joer esou en Dag ze organiséieren. Ugesiichts dem erkläerte Wëlle vun der Regierung op de Klimawandel ze reagéieren an esouwuel déi douce Mobilitéit wéi och den ëffentlechen Transport ze fërderen, sollt d‘Stad Lëtzebuerg hei eng Pionéierroll kënnen anhuelen.

De Garer Quartier nei gestalten

An der zweeter Motioun, bezéien sech déi gréng op een ersiichtlech noutwennege Reamenagement vum Garer Quartier, méi prezis d‘Stroossbuergerstrooss a seng Niewestroossen. Si bezéien sech dann och op den Informatiounsowend vum 25 September, deen an de sozialen Netzwierker nawell zimlech „Repercussiounen“ hat. De Garer Quartier gëllt als soziale Brennpunkt vun der Stad.

Net nëmme fir déi gréng sollt et wichteg sinn, datt d‘Awunner nees den ëffentleche Raum „sécher an ouni bedrängt ze ginn“ notze kënnen. Wann de Sécherheetsaspekt parteiiwwergräifend als de Schlëssel zur Léisung betruecht gëtt, da sollt een de Reamenagement vun der Stroossbuergerstrooss an sengen Niewestroossen eng gewësse Prioritéit araumen. D‘Awunner hätten en Usproch drop.

Fir datt de Projet och erfollegräich ka ginn, invitéieren déi gréng de Schäfferot, dësem Projet och d‘Awunner, d‘Geschäftsleit, d‘Police an d‘Acteuren aus de soziale Beräicher unzeglidderen. Dofir géifen si sech op e parteiiwwergräifenden Accord freeën. Op et geléngt gi mir e Méindeg gewuer…

Related topics Autofräien Dag, déi gréng stad Lëtzebuerg, Garer Quartier, Motioun
Next post Previous post