Fir e bësse Mënschlechkeet

105
Verluer
© Ahmed Zayan/unsplash

Dës Erzielung fänkt mam Wanter un. Duerch d‘Keelt dobaussen an d‘Hëtzt an der gudder waarmer Stuff, lafen eis Fënsteren doheem ëmmer un.

De Problem ass warscheinlech sou munchem Haushalt bekannt. Also muss ech moies allkéiers dat selwecht maachen – si dréche reiwen, et ass wichteg Schimmelbildung ze evitéieren.

An dunn ass et geschitt – op där enger Säit vun der Stuffefënster ass mir een onbekannte Mann opgefall, hien hat grad d‘Nopeschhaus verlooss. Komesch, ech hat hien nach ni virdru gesinn. An hien huet definitiv net zu de Nopere gehéiert.

Et war eppes Spezielles u sengem Erschéngen, eppes wat ech an him, esou wéi a villen anere Mënschen erkannt hunn – mech selwer. Iergendwéi.

Ech sinn erofgaangen an hunn mir eng Zigarett gefrot. Nom Joresdag vu menger Mamm hat ech se batter néideg. Allerdéngs hat ech meng Ouerenapparater net un – d‘Gespréich ass also net esou gutt gelaf. Et kënnt seele vir, datt ech mat frieme Persoune schwätzen, ech si léiwer fir mech. Hei sinn ech wuel op déi berüümten Ausnam getraff.

Ech sinn erëm erop a meng Wunneng gaangen, hunn d‘Fënster opgerappt an hunn him gesot, e soll waarden – ech géing nach eemol erofkommen. Dës Kéier mat den Apparater.

Schnell ass kloer ginn, datt de jonke Kärel vun 23 Joer eng verluere Séil ass. Een Feeler an eisem Gesondheetssystem. Keen weess, wien fir hien a seng ënnerschiddlech Problemer zoustänneg ass, hien am wéinegsten. Wärend dem Gespréich huet hien mir vu senge Stëmmen am Kapp erzielt.

Ma dat war awer net bedreelech. Ob hie Schizophrenie huet oder net, dat ass am Fong egal. Wichteg wär eigentlech, datt hien déi néideg Hëllef kritt. Ass dat net och ee Mënscherecht? Villäicht sinn och nëmme seng Gedanke mat him duerchgaangen, wie weess? Dat war mir zu dësem awer Zäitpunkt egal – ech weess net firwat, mee ech hu gespuert, datt hien dëse Moment just eppes gebraucht huet. Ee waarme Kaffi, een oppent Ouer an eng sécher Plaz. Kuerz duerchootmen. Eent ass sécher – hien huet vill erlieft.

Dat huet ee well op den éischte Bléck gesinn. Eng al Séil, gefaangen an engem jonke Kierper. D‘Scholdgefiller, déi hien erofgedréckt hunn, waren offensichtlech. D‘Angscht déi e bal opgefriess huet. Blo gefierften Neel, ee lescht Stéck vu senger Identitéit. Eng Erënnerung un een aalt Liewen?

Hien hat eng onendlech Trauer an den Aen. Sou verluer, verletzlech. Hongereg an duuschtereg. Mee säi Stolz huet net zougelooss, Hëllef unzehuelen. Hien wollt mol keng Tut fir seng Decken, déi e kuerz virdru vun der Nopesch kritt huet. Ech konnt him nëmmen eng Taass Kaffi ubidden. Domat huet hien seng kal Hänn gewiermt. Ech hunn him proposéiert an ee Spidol ze goen.

Dës weideren hunn ech him Telefonsnummeren vum Centre de Crise an aneren Hëllefsservicer erausgedréckt. Mee géing hien do déi néideg Hëllef kréien? Oder géing hien nëmme stabiliséiert ginn? Et ass eng Tatsaach, datt psychologesch Servicer zu Lëtzebuerg iwwerfuerdert sinn. Fir een einfache Rendezvous muss eng Waardezäit vu gutt zwee Méint agereechent ginn. Do muss definitiv eppes passéieren.

Mir hunn interessant Gespréicher gefouert, ënnert anerem iwwert Gott an d‘Welt – och iwwert d‘Klimaerwiermung an d‘Konsequenzen déi nach follege wäerten. Well ech him d‘Verzweiwlung ofgesinn hunn, ass mäi Mammeninstinkt mat mir duerchgaangen.

Ech sot: „Alles gëtt gutt.“

Firwat sees du dat, huet hie mech erstaunt gefrot. An ech hunn him éierlech geäntwert:

„Ech weess et net, mee soe mir dat net einfach, fir datt et eis besser geet?“

No enger gudder Stonn ass hien erëm senger Wee gaangen, kee weess wouhinner. Mee säi leschte Saz huet mech déif am Häerz beréiert.

„Ech hoffen dir geet et geschwënn besser.“

An ech hoffen, datt hie säi Wee, an och sech selwer erëmfënnt – an dobäi déi Hëllef unhëlt, déi néideg a méiglech ass. Mir brauchen dës Hëllefstellung alleguerten, onofhängeg vun eisem soziale Status.