Search

You may also like

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)
Neiegkeeten

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU),

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?
Neiegkeeten

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?

[onionbuzz quiz-id=135][/onionbuzz] Et ass zwar scho laang hier, mee d’Réimer

money
Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt
Neiegkeeten

Dieselgate: Porsche SE zu 47 Milliounen Euro Schuedenersatz veruerteelt

Porsche SE, den Haaptaktionär vu VW, ass e Mëttwoch vun

Fir e besseren Informatiounszougank

Um Méindeg hunn eng Dose Journalisten, ënnerstëtzt vu Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, um Parvis vum Krautmaart a virum Staatsministère, vun der Regierung ee besseren Zougank zur Info, wéi och méi Transparenz gefuerdert.

A jo et ass schwéier seng Froen u Verwaltungen, héich Fonctionnairen oder Minister stellen… ausser natierlech si si selwer Demandeur, da feelt un „Informatiounen“ éischter net. Aus dësem gudde Grond fuerdert de Beruffsverband vun de Journalisten an Editeuren, datt ee Gesetz fir en Informatiounszougank ausgeschafft gëtt. Dat soll d‘Verwaltunge verflichten déi gefuerdert Info erauszeginn. Am Ausland, esou de Beruffsverband ALJP, wier dat eng Selbstverständlechkeet.

Woubäi elo Informatioun an Informatioun zwee ënnerschiddlech puer Schong sinn. Esou géif et kengem drëms goe Geheimnisser gewuer ze ginn, oder Asiicht a confidentiel Dokumenter vun de Verwaltungen a Ministèren ze kréien. Beim Beruffsverband wier een scho frou, wann een op déi Zuelen a Statistike kéint zougräifen, déi oft a Pressekonferenze genannt ginn. Woubäi een all dës Date generell wëll ofruffe kënnen, oder se zougedeelt kréie wann en eng Demande dofir mécht.

Och iwwert esou „Niewesächlechkeete“ wéi den Inhalt vum Terminkalenner vun de Ministeren, wéilt ee gären Informéiert ginn. Als Zeeche vum Protest, gouf dann déi grouss Paart vum op der Clairefontainesplaz mat enger Ketten inklusiv Schlass verspaart. Mat der Kundgebung ass dunn nach emol op d‘Fuerderungen higewise ginn. Ob dat elo schonn duer gaangen ass, fir déi héich Politik ze iwwerzeegen? Gutt d‘Versprieche vu méi Transparenz an Informatiounsrecht ass eeler…

Viru 17 Joer war dëst „Versprieche“ vun der Juncker(CSV)/Asselborn(LSAP) Regierung gemaach ginn. Vun dëser Regierung sëtzen an der Chamber: 1) fir d‘CSV: de Jean-Marie Halsdorf, de Claude Wiseler an d‘Octavie Modert; 2) fir d‘LSAP: de Mars di Bartolomeo. An der Regierung war den Ausseminister Jean Asselborn. Dës Beruffspolitiker sinn an de leschte 17 Joer net méi jonk ginn an et sollt een net dovunner ausgoen, datt sech nach een un dëse politeschen Intermezzo erënnert.

Interessant dann och de Constat, datt et 17 Joer gedauert huet, bis ee Beruffsverband (jo „fréier“ huet et där méi ginn, an och dat war éischter politesch bedéngt, wéi datt et sënnvoll gewiescht wier) dann zum Protest iwwergeet. Et muss ee begréissen, datt sech Acteure vun der Zivilgesellschaft dësem Protest ugeschloss hunn, esou war d‘Presenz an d‘Visibilitéit assuréiert. Wat elo als nächst geplangt ass, ass net gewosst, et dierft awer unhand dem groussen Zousproch nach eppes kommen.

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ALJP, Beruffsverband vun de Journalisten an Editeuren, Informatiounsrecht, Informatiounszougank, Protest, Zivilgesellschaft
Next post Previous post