Search

You may also like

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen
Neiegkeeten

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen

Elo wou de Gemengewahlkampf déck am Gaangen ass, gëtt vill

Trotz 12 Milliounen Defizit nach am Equiliber
Neiegkeeten

Trotz 12 Milliounen Defizit nach am Equiliber

Nodeems de 14. Juni de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

D‘Ofschid-Tournée vun der Bundeskanzlerin
Neiegkeeten

D‘Ofschid-Tournée vun der Bundeskanzlerin

Fir d‘Pragmatikerin a laangjäreg däitsch Regierungscheffin Angela „Mutti“ Merkel, tickt

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen

Gemengt ass hei den zentrale Regierungsbüro fir d‘Chamberwahlen (BCG), deen déi verschidde Servicer – Staatsministère, Pressedéngscht (sip), Inneministère, Finanzministère an den zënter fir d‘Informatiounstechnologien (CTIE) – zesummeféiert.

Wat d‘Missioun vum BCG betrëfft, esou gëtt et därer zwou: 1) de Büro determinéiert an diffuséiert déi offiziell Resultater; 2) koordinéiert d‘Virbereedung. Den Direkter vum „sip“ huet gëschter de Medie verséchert, datt hinnen dës Resultater „zäitno“ zur Verfügung gestallt ginn, fir datt si déi genau esou „zäitno“ un d‘Bevëlkerung weiderleede kann.

Vum CTIE kënnt d‘Informatioun, datt d‘Wahlziedelen no der „Zielung“ weidergeleet ginn, an datt och Leit vum BCG an den 12 Gemenge vum Land präsent sinn, déi e Büro hunn, wou déi Date saiséiert kënne ginn. Interessant: d‘Lëschtestëmme gi virun den Eenzelstëmme fir d‘Kandidaten ausgezielt. Gutt dat verwonnert net, ëmmerhin ass et ee ganz e Batz méi Aarbecht…

Dobäi sollt een och berécksiichtegen, datt et uechtert d‘Land 678 Wahlbüroe gëtt, an ee beim BCG trotzdeem dovunner ausgeet, éischt Resultater scho knapp eng Stonn no Wahlschluss presentéieren ze kënnen. Dat ass nëmme méiglech, well 141 Persoune mobiliséiert gi sinn. 46 Equippen hunn den Optrag ze „saiséieren“, 4 Equippen dierfen da validéieren. Den Test d‘lescht Woch huet geklappt.

E Sonndeg sollt sech d‘Land op eng „Vëlkerwanderung“ astellen. Op de Wahllëschte sinn laut de leschten offiziellen Zuelen, 256.968 Wieler agedroen. Et heescht dann op de Stroossen uecht dinn, jidderee sollt säi Wahlbüro gesond erreechen. Déi meescht ginn an der Stad wielen (28.736) an am Mannste sinn et der zu Sëll (477). An iert ee seet en hätt et net gewosst, d‘Büro maachen um 2 zou!

Méi Informatioune fannt dir HEI

Foto: © Martine de Lagardère/mpoien.lu

Related topics Chamberwahlen 2018, CTIE, Finanzministére, Inneministère, SIP, Wahlsonndeg
Next post Previous post