Search

You may also like

Verkéierssécherheetscampagne am Januar
Neiegkeeten

Verkéierssécherheetscampagne am Januar

D‘Police informéiert datt vun haut un eng nei Verkéierssécherheetscampagne –

Kinepolis erfënnt sech nei
Neiegkeeten

Kinepolis erfënnt sech nei

„Video on Demand“ (VOD) ass iech ze langweileg, oder dir

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do
Neiegkeeten

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

An dëser Ausgab vum EDI – Infomagasinn fir Elteren geet

Fir ee Recht op Wunnen!

Europäeschen Aktiounsdag fir de Logement

Fir ee Recht op Wunnen!

D‘Logementskris betrëfft ëmmer méi Residenten zu Lëtzebuerg. Fir dëser Situatioun eppes entgéint ze setzen, organiséiert haut d‘Koalitioun „Wunnrecht“ eng Maniff, déi um 15 Auer op der Stater Gar hiren Depart hëlt.

Dës Aktioun fënnt statt am Kader vum „Europäeschen Aktiounsdag fir ee Recht op e Logement“. Si gëtt an iwwer 60 europäesche Stied simultan organiséiert. Zu Lëtzebuerg sinn et iwwer 20 ONGen, Associatiounen a Gewerkschaften, déi sech der Plattform fir en Accès zu abordabelem a wierdege Wunnraum ugeschloss hunn. Och dräi Parteien (déi lénk, d’Piraten – an der Chamber – an d’KPL – ausserparlamentaresch Oppositioun) ënnerstëtzen de Mouvement.

Zanter der éischter Maniff am Oktober huet sech näischt gedoen, et sief dann et géif een unhuelen datt eng Verschlechterung vun der Lag e Fortschrëtt ass. Famillje ginn aus hire Wunnenge verwisen a mussen am Hotel ënnerbruecht ginn. D‘Regierung huet dann elo och nach beschloss de Moratoire vun den „Deguerpissementer“ ze beendegen. Dat kann och dorunner geleeë sinn, datt mindestens zwee Minister selwer Patron vun Immobilienagence sinn. D‘Argumenter jiddefalls sinn zynesch…

Dogéint kann sech folgerichteg just nach d‘Zivilgesellschaft erhiewen. Wann d‘Politik sech op d‘Säit vun de „Räichen a Mächtegen“ stellt, muss sech de Bierger engagéieren. Et brauch elo direkt eng „wierklech“ Wunnengspolitik. Eng déi de Besoine vun de Bierger an net de Proprietäre gerecht gëtt. Nieft der Urgence vill neie Wunnraum ze schafen, huet et weider dréngend Fuerderungen.

Et brauch eng Kontroll vun de Loyeren (Mietspiegel), der Spekulatioun muss en Enn bereet ginn (wat nees entgéint dem Interessi vu gewësse Minister a wuel och Deputéierten ass), d‘Rechter vun de Locatairen an de Schutz vun neien, alternative Wunnformen (Colocatioun) musse gestäerkt ginn. An dat sinn d‘Fuerderunge bei wäitem net all. De ganzen Detail zu de Fuerderungen, wéi och ee puer praktesch Uleedunge betreffend d‘Manifestatioun vun haut, fannt dir hannert dësem Link.

Related topics Europäeschen Aktiounsdag fir de Logement, Logementskris, Manifestatioun, mieterschutz.lu, Wunnen ass ee Mënscherecht
Next post Previous post