Search

You may also like

Drock op US-Waffelobby klëmmt
International Neiegkeeten

Drock op US-Waffelobby klëmmt

Am Februar vun dësem Joer war dem amerikanesche Senat e

Buergermeeschtesch vu Washington setzt Akzenter
International Neiegkeeten

Buergermeeschtesch vu Washington setzt Akzenter

Via Twitter huet d‘Buergermeeschtesch vu Washington D.C., d‘Muriel Bowser, verkënnt,

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
International Neiegkeeten

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!

Wärend véier Deeg mëscht d’LuxExpo The Box seng Dieren op

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran

Zu Wien treffen sech haut Iraner mat den Delegatioune vun de Signataire vun engem Accord deen et faktesch guer net méi gëtt

Sonnervirstellung fir Atomofkommes mam Iran

Wann sech haut an der éisträichescher Haaptstad d‘Delegatioune vum Iran an de „4+1“ Partner treffen, dat fir iwwert eng Reprise vum Atomofkommes (JCPOA) ze beroden, dierft et virun allem eng symbolesch Aktioun sinn, déi d‘Gefill soll vermëttelen, datt ee gutt Intentiounen huet, déi een aus Grënn natierlech ni wäert ëmsetzen. Et ass net emol gewosst op d‘USA vertruede sinn…

Et ass dat éischt wierkelch notabelt Treffen zanter d‘USA en neie „Commander in Chief“ hunn, an awer heescht aus Wien, datt d‘USA den „direkte Kontakt“ scheien an den Austausch hei dann och nëmmen „indirekt“ stattfanne wäert. Dobäi stinn dem Joe Biden seng Delegéiert hei matten am Fokus, well och wann et kengem gefält, et waren net d‘Ajatollahen déi d‘Ofkommes zerrappt hunn.

Richteg ass awer och, datt d‘Iraner keng Loscht hunn sech mat Vertrieder vun enger Natioun ze ënnerhalen, déi sech ganz oppe fir de Stuerz vum Regime positionéieren. De Vizeausseminister Abbas Araghchi, dee sech Mëtt 2019 nach mam Projet „Instex“ ausenanergesat huet, well haut um Siège vun der IAEA nëmme mat de verbliwwene „Partner“ iwwert déi weider Schrëtter schwätzen.

Dobäi ass et eigentlech Sënn an Zweck vun dësem diplomatesche Meeting, ee Wee ze fannen, wéi een d‘USA nees mat an d‘Boot huele kann. Dat hänkt ganz dovunner of a wéi engem Ëmfang dem Joe Biden seng Männer hir Konditiounen diktéiere wäerten. A well et dann och éischter ëm d‘USA wéi dann ëm den Iran an den Accord u sech geet, dierften d‘Amerikaner Präsenz weisen.

Wéi kleng domm Kanner…

Datt d‘Iraner aus ganz gudde Grënn kee Bock op d‘Amerikaner hunn ass datt eent, datt awer d‘USA schonn iergendwéi gezwonge sinn matzemaachen, dat anert. Et wäert also eng US-Delegatioun um Sëtz vun der IAEA zu Wien present sinn, just dat si net un de Verhandlungsdësch ageluede ginn. Si dierfen an der „Spënnchen“, an déi d‘Diskussiounen iwwerdroe ginn, dat ganzt verfollegen.

Firwat? Ma wëll ausser de Russen a China, déi „aner“ (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien) sech och zum eegenen Nodeel, den USA wäerten uschléissen. D‘Europäer hate jo am Kontext vun dësem Accord, den Iraner Wirtschaftsbezéiungen zougesot, hunn dat awer misse revidéieren, well d‘USA et hinne verbueden huet. Technesch sëtzen d‘USA also scho mat um Verhandlungsdësch.

An dann ass do och nach de Fakt, datt d‘Iraner de Leit vun der IAEA kloer ze verstoe ginn hunn, datt et sech bei dësem Treffen, ëm eng strikt technesch Concertatioun, an net ëm eng politesch Diskussioun handelt. Och dat ass verständlech, schliisslech wëllen d‘USA d‘Ofkommes nei verhandelen. Dat allerdéngs ënnersträicht nees, datt den Accord vun 2015 längst opgekënnegt ass.

D‘Amerikaner wëllen eng Rei Ännerungen an en Ofkommes abréngen datt et net méi gëtt. Si wëllen datt den Iran d‘Mënscherechter respektéiert an ophält Terroristen ze ënnerstëtzen. Datt béides, also d‘Atomofkommes an déi „aner“ Problemer net gläichzäiteg berode kënne ginn, an zudeem d‘IAEA dofir déi falsch Plaz ass, dat wëssen d‘Amerikaner an déi vum 4+1 Club…

Si hu bis ewell ausgehalen…

Interessant ass och d‘Astellung vun den Amerikaner, déi zanter mindestens véier Joerzéngten den Iran mat onendleche Sanktiounen zouschäissen, iwwert den Ëmwee vu Saudiarabien am Jemen e Stellvertriederkrich mat Teheran féieren. Eng a villen Hisiichte fir d‘USA lukrativ „Diplomatie“. Et ass zudeem net ersiichtlech, wien do sollt den éischte Schratt op deen aneren zoumaachen.

Teheran gëtt elo virgeworf géint d‘Ofkommes ze verstoussen a beim uräichere vum Uran déi am Accord beschlossen Uewergrenzen ze iwwerschreiden. Dat ass, bis op d‘Mentioun „Accord“ eigentlech richteg. D‘Ajatollahe stelle fest: „Entweder d‘USA hiewen all déi ënnert dem Biden sengem Virgänger ergraffe Sanktiounen, oder et huet keng Diskussiounsgrondlag“.

Eréischt wann dëse Schratt getätegt gouf, wier Teheran bereet sech de „Plang“ unzekucken a méiglecherweis nees déi am Accord vereenbaart Reegelen anzehalen. Dat wier den eenzege Wee d‘Mësstrauen eppes ze lackeren, an iwwer déi weider Virgoensweis ze entscheeden. Russland hält ee Rapprochement fir méiglech, wann d‘USA den entspriechende politesche Wëllen hunn.

Wat d‘Sanktioune géint den Iran ugeet, esou huet ee sech „arrangéiert“. Den Iran wëll sech méi mam neie Wirtschaftspartner China beschäftegen. Déi kënnen de Pëtrol aus dem Iran och ganz gutt gebrauchen an zudeem veriergert et d‘USA. Ass dat Treffen da fir d‘Kaz? Eigentlech net, bezunn op d‘Usiicht, datt et bei den haitege Diskussiounen emol de Fuerplang fir d‘Verhandlunge geet.

mat indymedia/vie/tlv/nyc

Related topics Atomofkommes, IAEA, Iran, JCPOA, Wien
Next post Previous post