Search

You may also like

Den Etat d’Urgence, erkläert
Business Money Neiegkeeten

Den Etat d’Urgence, erkläert

Demnächst gëtt an der Chamber zum Thema vum Etat d’Urgence

dislike
EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer
Business Money Neiegkeeten

EU verlängert Glyphosat-Zouloossung ëm fënnef Joer

Dat als „vermuttlech“ Kriibserreegend agestuuft Produkt Glyphosat, huet e Méindeg

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!
Business Money Neiegkeeten

D’ULC zur Exit-Strategie: Et gëtt Ausbaupotential!

Och wa sech de Konsumenteschutz am Groussen a Ganzen mat

money

Eise Finanzminister ass fir eng Mindeststeier

Beim informellen Treffe vun de Finanzminister zu Lissabon gouf et erstaunlech Aussoen

Eise Finanzminister ass fir eng Mindeststeier

Wärend Frankräich an Däitschland sech fir eng Besteierung vun den Entreprisen asetzt, huet et déi aner, wou de Konzerner mat Steierkreditter a Bréifkëschten d‘Geld uewen an hannen erastiechen…

Bei klengen informelle Sommet vun den europäesche Finanzminister zu Lissabon, ass et am Kader vun de sougenannte „Gymnich“ Gespréicher, nees drëms gaangen, wéi ee multinational Konzerner kéint Steieren ofverlaangen. Paräis a Berlin drängen an dëser Saach eppes, Irland a Lëtzebuerg sinn net prinzipiell dergéint, esoulaang si de Konzerner weider mat Subventiounen a Steierkreditter eng Offer maachen dierfen, déi dës net refuséiere kënnen.

A wann een do bedenkt, datt schon leschte Freideg d‘Amerikaner, also villméi d‘US-Regierung, sech fir d‘Mindeststeier an héicht vu 15% (eigentlech wollt ee sech op 21% eenegen) op de Profit vun international agéierende Konzerner agesat huet, sollten déi „héiereg“ europäesch Partner jo wuel kee Problem méi mat der Besteierung hunn. Grad dat awer hunn se, an well et Europa ass, huet et ganz gutt Aussiichte fir Amazon a Konsorten.

Esou huet den därzäitege President vum Eurogrupp, den iresche Finanzminister Paschal Donohoe, schonn en Dënschdeg klipp a kloer erkläert, datt se sech dierfe gehackt leeën, well Irland hätt do ganz eege Virstellungen, an éischter fréiert d‘Hell zou, wéi dat hien de Konzerner méi wéi déi elo schonn 12,5% Kierperschaftssteier strikt theoretesch ofverlaange géif. Wat kënnt als nächst? Muss een als Land dës Steieren da bei de Konzerner anzéien?

Irland ass keen Eenzelfall

Wann ee scho verstoe kann, datt et engersäits kloer politesch Grënn an anersäits manner ersiichtlech privat Interessen huet, firwat sech hei de Paschal Donohoe a säi faschistesche Kumpel aus Ungarn, Peter Szijjarto (dee verlaangt offiziell nëmmen 9%) mat allem zur Wier setze wat hinne vun der EU un Instrumenter zur Verfügung gestallt gëtt, stellen awer eng Rei Froen. Eise Finanzminister mengt do Äntwerten ze hunn. Als freie Chef vun der Handelskummer an erwisene Lobbyist fir besonnesch steieroptimiséiert Konzerner, huet de Pierre Gramegna intervenéiert.

Wann also vun den ungareschen 9%, den ireschen 12,5% bis hinn zu de ronn 30% déi d‘Fransousen an d‘Germane verlaangen (awer natierlech net anzéien) d‘Differenz scho „remarkabel“ ass, esou mengt de Pierre Gramegna, deen Amazon Europa mat sengen Dausenden zu Lëtzebuerg ugemellte Mataarbechter ee Steierkredit vu 56 Milliounen Euro vergënnt, datt ee sech da just bréicht op ee Mindesttaux ze verstännegen, fir eng ausgeglache Konkurrenzsituatioun ze schafen. Wéi héich soll dësen „Taux“ ausfalen… Dozou wollt sech de Minister net äusseren…

Bei der OECD ass een elo zanter 4 Joer mam Problem beschäftegt, an esou wierklech mat Wëllen an Engagement ginn eenzeg d‘ONGe vir. Bannent der EU huet et eppes vill Leit déi entweder ganz oppen „d‘Hand ophalen“ an déi wou sech Hoffnung op eng Weiderverwäertung no der politescher Carrière maachen. Et Fait dee besonnesch ënnert Polit-Juriste verbreet ass. An esou kann een déi op de G7- a G20-Sommet gesaten Hoffnunge getréischt vergiessen.

Wa Rouder léien ouni dobäi rout ze ginn

Interessant, ënnert der Berécksiichtegung datt een et mart Leit ze dinn huet, déi ganz genee wësse wat se zu wéi engem Zweck maachen, datt sech dann den däitscher Finanzminister a sozialistesche Kanzlerkandidat Olaf Scholz, dohinner stellt a frech behaapt „mir sti kuerz virdrun en Accord ze hunn“, huet dat vill mat Humor ze dinn. De Kaviarsozialist a fervente Vertrieder vum Sozialofbau, huet seng Meeschterprüfung am gréisste Bilanzskandal vun der däitscher Nokrichsgeschicht ofgeluecht. An natierlech ass hie vu Beruff: Affekot… wat en Zoufall

De Fransous Bruno le Maire, ee rengt Produkt vun der elitärer Verwaltungsschoul ENA – déi Plaz wou Politik eppes méi éierlech als „Beruff“ bezeechent gëtt, mee vum Macron ofgeschaaft gouf – ass net esou vun de Konzerner ofhängeg wéi Scholz a Gramegna, wat d‘Zäit no der Politik betrëfft. Hie ka sech dann och erlaben ze behaapten, datt et bei G7 a G20 schonn eng Opportunitéit hätt, den Nol anzeklappen an endlech dës Konzerner ze besteieren.

Weise mir dann nach emol drop hinn, datt ënnert den aktuelle Reegelen, de Konzern entscheet huet a wéi engem Land hie keng Steiere bezuele wëll. Géif déi säitens der OECD ugestriefte Reform kommen, a géif ee sech – wat den Ament onvirstellbar ass – dem 80 järege Joe Biden uschléissen an tatsächlech eng Reform hikréien, esou datt d‘Konzerner an all Land wou se Profit generéiere Steiere bezuele mussen, wier en éischte Schratt gemaach. Esouguer d‘Britte maachen den Androck dëse Wee matgoen ze wëllen. Gutt déi wëlle jo mat den USA…

Illustratioun: D‘Kaweechelche steet als Symbol fir „ee gudden Ëmgang“ mat de Finanzen, de Politiker ka sech awer kee Beispill huelen, dee seet bekanntlech – aus Grënn – virzuchsweis grad un deem Aascht wou hien drop sëtzt. © Geran de Klerk / unsplash

Related topics EU-Finanzminister, Eurogrupp, G20, G7, Global Konzernsteier, Gymnich, Lissabon, OECD
Next post Previous post