Search

You may also like

Russesch Justiz geet géint Nawalny-Organisatioune vir
Kultur Neiegkeeten

Russesch Justiz geet géint Nawalny-Organisatioune vir

D‘Organisatioune vum inhaftéierten Dissident hu matgedeelt, hir Aktivitéiten net weiderféieren

Duebelen Homicide zu Diddeleng
Kultur Neiegkeeten

Duebelen Homicide zu Diddeleng

Gëschter Owend géint eng Auer aacht, waren d‘Beamte vun der

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen
Kultur Neiegkeeten

Biologesch ofbaubar Fläschen aus Plastik kéinte méi Problemer mat sech bréngen, wéi se der léisen

Et gi gläich e puer Initiativen, déi der Plastiksfläsch wëllen

Kleng Figure fir grouss Kanner

De Weekend zu Kënzeg stoung ganz am Zeeche vu Playmobil an huet d‘Erwaardungen erfëllt

Fir déi 14. Editioun vun de „LuxPlaymoDays“ hat sech d‘Asbl Playmo-Frënn Lëtzebuerg nees vill virgeholl. 25 Revendeuren, 16 grouss Zeenen an dausende Visiteuren iwwer zwee Deeg, dat léisst sech weisen an ënnersträicht de verdéngte Succès vun dësem Event.

Während déi 16 Diaporamen natierlech am Zentrum vum Interessi gestane sinn, an zwee Deeg bal net duergaange sinn fir sech allen Detailer ze widmen, haten d‘Stänn vun de Verkeefer och groussen Undrang ze bewältegen. Et gouf kaum e Wonsch deen déi gefillt dausende Këschte mat hire Figuren an Dekoratiounen net hätten erfëlle kënnen. Dat dierf ee wuel als Win-Win Situatioun ëmschreiwen.

Flott dann och d‘Feststellung, datt sech net eleng d‘Sammler an d‘Puristen am Festsall vu Kënzeg erëmgedriwwen hunn. D‘Kanner hunn – dank hiren Elteren – dësen Event fir sech erkannt, an dat ass och gutt esou. An déi sinn och bei den Diaporamen net ze kuerz komm. Esou goufe geéiert: d‘Lena (12) mat „Am Berg des weissen Goldes“ an den Alexis (14) mat „La vie à la Ferme“.

Solidaritéit mat den Affer vum Tornado

Dës vun der Asbl Playmo-Frënn Lëtzebuerg organiséiert Biennale, sammelt ëmmer Sue fir den gudden Zweck, dat virrangeg fir Organisatiounen déi sech ëm Kanner këmmeren. Esou ass et fir d‘Asbl selbstverständlech, sech der Solidaritéit fir d‘Affer vum Tornado, deen den 9. August vill Schued ugeriicht huet, unzeschléissen. Déi gesammelt Gelder ginn un „Käerjeng Hëlleft“.

Mat ronn 3.000 Visiteuren an engem Entréespräis vun 2,50 Euro kann sech der President vun der Asbl, Claude Hengel, ob en entspriechenden Don freeën. Fir de Veräin, esou de President, bleift dëst Joer näischt iwwreg, wat awer fir esou passionéiert Gecke keen Thema ass. Solidaritéit muss ëmmer Virrang hunn, an dat si beim Claude Hengel keng huel Phrasë mee eescht gemengte Wierder.

Foto: Masseg Leit a vill Glanz an de Kanneraen… dat ass et wat déi vun der Asbl Playmo-Frënn Lëtzebuerg organiséiert Ausstellung all zwee Joer auszeechent. Dëst Joer huet et als Kiischt um Kuch eng absolut appreciabel Solidaritéitsaktioun ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Kënzeg, Playmo-Frënn Lëtzebuerg Asbl, Playmobil, Playmodays 2019
Next post Previous post