Search

You may also like

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff
Neiegkeeten

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff

E Mëttwoch, nëmmen e puer Stonnen no de Walen, huet

Schlecht Noriichten aus dem Gulag
Neiegkeeten

Schlecht Noriichten aus dem Gulag

D‘Ëmstänn, d‘Grënn an déi ganz Chronologie, betreffend de politeschen Theater

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

Firwat schreifs du?

Zäit emol ee Merci lass ze ginn, an ee wierklech ganz interessante Mënsch virzestellen

Firwat schreifs du?

De Jean Bodry ass e lëtzebuergesche Blogger, deen iwwert alles schreift, wat him duerch de Kapp geet – vun der Long op d’Zong. Well eis Redaktioun fënnt, datt säi besonnescht Schreiwe méi Opmierksamkeet verdéngt huet, wollte mir hien hei virstellen. Mir hunn dem Här Bodry krut e puer Froe geschéckt, eraus koum dësen éierlechen Text. Merci villmools!

Ëmmer nees ginn ech gefrot: Firwat schreifs du? Viru fënnef Minutten, wousst ech nach net, datt ech fënnef Minutte méi spéit, een neie Blog géif schreiwen, den 3.874ten. Iwwer véierdausend DINA4-Blieder voll, iwwert d‘Politik an eis Gesellschaft, iwwer mäin Liewen, mee virun allem iwwer den Aarmut an de Räichtum zu Lëtzebuerg!

Op ech scho Bicher geschriwwen hätt? Jo, hunn ech schonn. Ee kreative Mënsch, versicht net nëmme mat Texter mat eiser Gesellschaft ze kommunizéieren. Hie mécht dat och mat senge kreative Fotoen!

Wat géif mech inspiréiere fir ëmmer weider ze bloggen? Ma well ech mech duerch mäi Bloggen, déi meng Frënn all Dag liesen, matdeelen – wat mech den Dag a mengem Liewe beschäftegt huet!

Wéi laang, ech scho géif schreiwen? Iwwer siwwenzeg Joer. Ugefaangen huet dat Ganzt schonn an der Schoul. Wann et geheescht huet een Aufsatz schreiwen, war ech a mengem Element. Ech war erstaunt, datt een aus Buschtawe kéint Wierder an aus de Wierder Sätz kéint maachen.

Dat wat ech a mengem Aufsatz geschriwwen hunn, huet mengem Schoulmeeschter allerdéngs d’Hoer zu Bierg stoe gelooss! Spéider huet et sech eraus gestallt, datt ech Legastheniker sinn. Virun achtzeg Joer huet dat kee Mënsch gestéiert. Dat war eben esou.

Spéider ewéi ech ugefaangen hunn, Artikele fir d’Zeitung ze schreiwen, hat ech Frënn an der Redaktioun, déi meng Texter verbessert hunn. Haut kann ech, dank dem Site Spellchecker.lu feelerfräi Texter schreiwen – mee meng Grammatik ass nach e wéineg labil an huet vill Falbrécken dran.

Den Inhalt vu mengen Texter ass dat, wat d’Lieser vu mengen Texter um Blog interesséiert. Iergendwou, tëscht den Zeilen, fënnt een ee verstoppten Intellekt. A wéi dat bäi allen déi am Dezember gebuer sinn, esou ass – Schütze sinn aggressiv. Si sinn eben eppes anescht, wéi déi aner Mënschen!

De 6. Dezember hätt ech Gebuertsdag? Dat gouf ech gefrot … A wat ech mer géif wënsche fir mäi Gebuertsdag … Mäi Wonsch ass, datt ech de 6. Dezember 2020 nach ee Blog ka schreiwen! Dat géif meng Tëntenoder freeën.

Kuckt Iech de Blog un: https://jeanbodry.blogspot.com/

Illustratioun: © Patrick Tomasso / unsplash

Related topics Blogger, Jean Bodry, Meenungsfräiheet
Next post Previous post