Search

You may also like

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen
Stories

Syrien: D‘Amerikaner ginn, d‘Russe kommen

No enger Entrevue tëscht dem Recep Tayyip Erdogan an dem

Police erschéisst Mann no Messerattack
Stories

Police erschéisst Mann no Messerattack

Zu Glasgow (Schottland) si bei engem Ugrëff mat engem Messer

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht
Stories

De Maske-Fliger ass zeréck – Bettel a Bausch hunn d’Cargolux besicht

Gëschter ass den LX-VCF mat senger mat ikonescher Nues –

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter

ACL: Maach den Auto fit fir de Wanter

Déi douce Temperature vun de leschte Woche sollten d’Automobilisten net täuschen, de Wanter steet vrun der Dier an et wier e Feeler sech vun dësem iwwerraschen ze loossen. Fir dat datt net Fall ass, huet den Automobilclub (ACL) e puer gutt Rotschléi:

Ofgesi vum Fait, datt een ëm dës Joreszäit gutt beroden ass besonnesch defensiv ze fueren, fir ze verhënneren datt een onverhofft vun der Strooss rutscht – datt well doudeg Blieder op de Stroossen leien an sech och schonn hei an do emol Frascht néierleet – sollt och den Auto op déi kal Joreszäit virbereet ginn.

Eng ganz grouss Roll spillen hei d’Pneuen an d’Luuchten. Si sinn essentiell fir d’Sécherheet an hunn et verdéngt iwwerpréift ze ginn. Den ACL ass dann och dëst Joer (wéi all Joer) nees Partner vun der Campagne vun der „Luucht an dem Pneu“ déi nach bis den 17. November duerchgefouert gëtt.

De Wanterpneu

Wann et och richteg ass, datt de Code de la Route keen Datum virgesäit fir den Asaz vum Wanterpneu festzeleeën, esou muss den Auto awer domatter ausstafféiert ginn. Et mussen dann och all d’Pneue vum Auto den Logo M&S oder de Piktogramm vum Bierg an der Schnéiflack droen.

Wat de Profil betrëfft, esou ass am Gesetz e Minimum vun 1,6 Millimeter virgeschriwwen. Den ACL réit awer aus Sécherheetsgrënn net mat engem Profil ënner 4 Millimeter ënnerwee ze sinn. Hei ze knécke just well d’Gesetz do net méi konsequent ausgeluecht ass, kann och Mënscheliewen a Gefor bréngen.

Zudeem ass et erwisen, datt Wanterpneuen déi beschte Garant fir d’Sécherheet zu dëser Joreszäit sinn. Se sinn einfach besser wéi de Summerpneu an esouguer wéi den „toutes Saisons“ esoubal d’Temperatur ënner 7° Celsius fält. Dat läit un der Gummi-Mëschung déi bei de Summerpneue verhäert.

Säin Auto ze „checken“ deet net wéi

Wie mat rouegem Gewëssen duerch de Wanter wëll rullen, dee sollt sech déi Zäit huelen an den Auto iwwerpréiwe loossen. Op an der Garage oder beim Automobilclub, laang dauert den Check net. Beim ACL zu Bartreng kann een dat ab dem 2. November maachen. Den ACL ass awer och soss uechtert d’Land am Asaz, wou a wéini kann een alles op hirem Site www.acl.lu. nokucken.

Foto: © ACL

Next post Previous post