Search

You may also like

En zweet Mandat fir Antonio Guterres?
Kultur Neiegkeeten

En zweet Mandat fir Antonio Guterres?

Et gouf laang gerätselt ob sech den UN-Generalsekretär Antonio Guterres

Dee ganz besonnesche Filmfestival
Kultur Neiegkeeten

Dee ganz besonnesche Filmfestival

Fir d‘Frënn der eppes méi usprochsvoller an deels méi exotescher

D’Leide vun de Museker: Laird presentéiert „Rock & Roll Has Died“
Kultur Neiegkeeten

D’Leide vun de Museker: Laird presentéiert „Rock & Roll Has Died“

E Museker sëtzt bedréckt am Studio zu Glasgow. Bei sengem

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad

Lyrik - nei am Verlag Guy Binsfeld

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad

Et ass de literareschen Debut vum norwegesch-Lëtzebuergeschen Auteur Tomas Bjørnstad an erschéngt am November bei der Éditions Guy Binsfeld. An dësem deels autobiographesche Lyrikband weist hien a senge Gedichter Momentopnamen. Déi eng erënneren u kuerz Geschichten, déi awer ëmmer iwwert de festgehalenen Ablack eraus ginn.

Een Aen no baussen an eent no bannen“, esou heescht et am Gedicht „Tanzende“. Deementspriechend gëtt dauernd déi eege Perceptioun hannerfrot. Dobäi geet et net ëm eng opgemotzte Selbstinzeenéierung, mee ëm déi schounungslos Ausernanersetzung mat sech an der Gesellschaft.

Am alldeegleche Liewen dinn sech ganz schnell mënschlech Ofgrënn op. Aus gewéinleche Gesten sinn Angscht, Krankheet an Dout eraus ze liesen. Seng Gedichter gi gedroe vu Melancholien, mee och vu feinem Humor, den, wann den Alldag an d’Gesellschaft bal net méi ze erdroen ass, zum Groteske mutéiert.

Mat „Fjorde“ leet den Tomas Bjørnstad, den am Grand-Duché lieft, ee beandrockend éischt Lyrikband vir, atmosphäresch dicht a vu sproochlecher Exzellenz.

Wir ahmten eine Begegnung nach,
ohne zu wissen, woher sie stammte.
Der tannengeritzte Hang
unter aschfahlem Gewölk
war unser Bild
erfahrener Schmerzen. Das Meer
klatschte und stank nach brennender Milch
in der gestillten Nacht“

Gedicht Trondheim

Related topics Autobiographie, Buch, Editions Guy Binsfeld, Fjorde, Gedichter, Lyrik, Norwegen, Skandinavien, Tomas Bjornstad
Next post Previous post