Search

You may also like

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin
Kultur Neiegkeeten

Scheck-Iwwerreechung vum LCTO un d’Fondatioun vum Groussherzog an der Groussherzogin

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa d’Representante vum Luxembourg City

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa
Kultur Neiegkeeten

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa

D’Europaparlament huet um vergaangenen Donneschdeg een interinstitutionellen Accord mam Rot

Aus Total gëtt TotalEnergies: „ Dësen neie Wee vun Energien ass eisen!“
Kultur Neiegkeeten

Aus Total gëtt TotalEnergies: „ Dësen neie Wee vun Energien ass eisen!“

Déi franséisch Entreprise Total, déi am Joer 1924 gegrënnt gouf,

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Vum 10. bis de 25. Mee

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol Antonio Machado zesumme mat der Kulturfabrik Iech de Flamenco an all senge Forme méi no bréngen. Vum 10. bis de 25. Mee 2019 gëtt op der 14. Editioun vun dëse Festivitéiten e facettëräiche Programm ugebueden.

Nieft enger Rei Filmer iwwert d’Liewe vu Flamenco-Korypheeë kann een och Spektakele bestaune goen. Wie seng Hëft a Schwong brénge wëll, dee ka sech fir en Danz-Atelier aschreiwen oder awer an engem Perkussiouns-Workshop seng Kastagnetten auspaken. Déi meescht Evenementer wäerten zu Esch stattfannen, do dernieft ginn d’Filmer méi zentral an der Cinémathèque och ausgestraalt.

Éischt Andréck vun deem wat Iech um Flamenco Festival sou erwaarde wäert souwéi de Programm kënnt Dir hei gesinn. Lass geet et e Freideg, den 10. Mee um 20:30 Auer an der Cinémathèque mam Film “Acariciando el aire. Matilde Coral”.

Related topics Flamenco Festival, KuFa, Kulturfabrik
Next post Previous post