Search

You may also like

surprise
Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng
Kultur Neiegkeeten

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?

[onionbuzz quiz-id=90][/onionbuzz] Gréiwemaacher gehéiert zu den zwielef Stied hei am

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen
Kultur Neiegkeeten

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen

Wéinst de staarke Néierschléi vun dëser Nuecht, virun allem am

Flamenco Festival 2021: E super Programm mam gewësse Fuego

Flamenco Festival 2021: E super Programm mam gewësse Fuego

Vum 27. Mee bis den 1. Juni fënnt déi 15. Editioun vum beléifte Flamenco Festival statt. Souwuel zu Esch-Uelzecht, wéi och an der Stad Lëtzebuerg gi verschidden Evenementer ugebueden.

Eigentlech war se schonn fir d’Joer 2020, mee déi sanitär Gesondheetskris huet den Organisateuren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Dat gëtt elo nogeholl. Et ass en aussergewéinleche Festival geplangt – fir d’Spectateuren an och fir d’Kënschtler selwer.

Am Géigesaz zu anere Länner konnt Lëtzebuerg säin Kulturprogramm oprechterhalen. Duerch déi gesondheetlech Aschränkungen huet allerdéngs villes geännert misse ginn. Et ass e Festival wéi keen aneren. D’Workshoppen an d’Flamenco-Duerf hu missen annuléiert ginn, d’Unzuel vun de Showen an Dokumentatioune gouf sécherheetshallwer begrenzt.

Och wann d’Situatioun nach ëmmer zimlech onsécher ass, freeën sech d’Kulturfabrik, de Círculo Cultural Antonio Machado, den Escher Theater an d’Cinemathéik aus der Stad, der Ëffentlechkeet eenzegaarteg Showen unzebidden. Dobäi soll een awer schnell reservéieren – d’Plaze si begrenzt.

De Programm

Flamenca’s Trío vum Antonia Jiménez
Donneschden, de 27. Mee 2021 um 20:00 Auer an der Kulturfabrik

Sin Permiso vun der Cie Ana Morales (ausverkaaft)
Freides, den 28. Mee 2021 um 20:00 Auer am Escher Theater

Cruces vun der Cie José Manuel Álvarez
Samschdes, den 29. Mee 2021 um 20:00 Auer an der Kulturfabrik

Flamenclown vun der Cie Laura Vital (ausverkaaft)
Sonndes, den 30. Mee 2021 um 16:00 Auer am Escher Theater

Menese vum Remedios Malvárez
Dënschdes, den 1. Juni um 20:30 Auer an der Cinemathéik

Weider Informatioune fannt Dir op www.kulturfabrik.lu.

Opmaacherbild: © Stephan Valentin / unsplash

Related topics Cinemathéik, Escher Theater, Flamenco Festival, Kulturfabrik, Programm, Spuenien
Next post Previous post