Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech
[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech
Also der musst net mengen, datt just wëll an der
Dës Gesondheetskris huet keen Deel vun eiser Bevëlkerung verschount, an nach manner déi Persounen, déi a prekäre Situatioune liewen. Déi national Bekämpfung géint d’Verbreedung vun dësem Virus soll inklusive sinn, fir datt kee vergiess gëtt. Jiddweree soll déi beschtméiglecht Fleeg kréien, entspriechend u seng mënschlech Bedierfnisser ugepasst.
© Gras Grun / Unsplash
Fir Drogekonsumenten a Mënschen ouni Doheem ass Risikominderung e wesentleche Bestanddeel vun der Santé. Dëses Usaz ass wichteg fir d’Ënnerstëtzung ze garantéieren. Dozou gehéiert e séchere Konsum mat geréngem Risiko, Gesondheets- an Hygiènesmoossnamen ënner bescht méigleche Bedéngungen. An eng alternativ medezinesch Offer, déi Stabilitéit bedeit.
Wärend der Pandemie si vill innovativ Initiativen entstanen, zum Beispill d’Teleconsultatioun oder d’Kreatioun vun engem Opioidsubstitutionsprogramm. Dës Aarbecht konnt just wéinst der Zesummenaarbecht mat den Acteure op der Plaz erreecht ginn.
Fachkräft hunn aktiv dozou bäigedroen, datt de Service un déi jeeweils Bedierfnesser ugepasst ginn ass. An datt Kontinuitéit vun de Programmer séchergestallt gouf. D’Ministesch Corinne Cahen ass iwwerzeegt, datt d’Verännerungen, déi op der Plaz gemaach goufen, och iwwer dës Kris eraus als Beispill dénge kënnen.
Zil vun dësem Dokument ass et, d’Risiken an d’Erausfuerderunge mat deene betraffe Leit konfrontéiert waren, an déi Moossnamen, déi ergraff goufen zu enger Kontinuitéit ze bréngen – mat där beschter Leeschtung an dem beschtméiglechste Schutz vu Fachkräft, déi dës Bevëlkerung iwwerwaachen.
A Lëtzebuerg huet d’Gesondheetskris zu enger Rei Andämmungsmoossname gefouert, fir d’Ausbreedung vum Virus kleng ze halen. Allerdéngs haten se och Auswierkungen op d’Bevëlkerung vum Land.
Eng besonnesch betraffe Grupp ass déi vun den Drogekonsumente mat héijem Risiko, déi opgrond vun hirer Situatioun vu Verwonnbarkeet an der sozialer Ausgrenzung enger gréisserer Gefor a Bezuch op Virus- oder aner Infektiounen ausgesat sinn. Deemno wéi besti scho Krankheeten (Komorbitäten) an hirem exzessive Liewensstil. Doranner falen och hier Verhalensweisen an Zesummenhang mam Drogekonsum.
Si musse vill Zäit op ëffentlechen Toilettë verbréngen an/ oder geschäftlech Plaze sichen. Si deelen d’Sprëtze mateneen an notzen déi selwecht Inhalatiounsapparater. D’Uwendung vu Schutz- a Sécherheetsmoossname si schwéier anzehalen. Donieft kann et zu klinesche Komplikatioune kommen (COPD, Asthma), déi duerch den Asaz vu Crack nach verschlëmmert gëtt.
D’Verwendung vun Opiode mécht d’Ootmung méi lues, dat kann zu Depressiounen an Otemstëllstand féieren. Well COVID-19 och Problemer mam Ootme mécht, klëmmt de Risiko vun enger Iwwerdoséierung.
© Ameer Basheer / Unsplash
Behandlungsdéngschter verzeechnen e staarke Réckgank vun der perséinleche Kommunikatioun. Dës Consultatioune goufen duerch Teletravail, E-Mail,Videokonferenz oder sozial Netzwierker ersat. Raim goufen ëmstrukturéiert. D’Sprëtzeverdeelung an Hygiènesmaterial huet missen nei organiséiert ginn.
Obwuel sech d’Moossname bei verschiddene Konsumenten positiv zu enger Reduzéierung vum Konsum ausgewierkt huet, hunn d’Mesure fir UDHR, déi a prekäre Situatioune wunnen, éischter negativ Auswierkungen mat sech bruecht. Verschidden Drogekonsumenten, déi a prekäre Situatioune liewen, hu gesinn, datt se duerch hier Liewensëmstänn massiv Problemer duerch d’COVID-19-Kris kruten. Ganz besonnesch duerch de Wunnraum, schlechten Zougank zu Iessen, perséinlechen Hygiène, propper Kleeder, asw ..
Jo, et ass schwéier. En Entzuch an een neit proppert Liewe kënnt net vun haut op muer. Engersäits hätt d’Situatioun de Consommateur kéinte motivéieren, e Behandlungsprozess anzeleeden, mä dat erweist sech als schwiereg. Si sinn nach méi op kontrolléierte Konsum ugewisen. Wärend der Virusandämmung war den illegalen Drogemarché mat klammender Präisser an engem Réckgank vun finanziellen Existenzgrondlage konfrontéiert. An dësem Zesummenhang bezeien déi zoustänneg Institutiounen, datt e puer UDHR hire Konsum reduzéiert hunn, wärend anerer méi bëlleg zougänglech Substanzen zur Suchtbekämpfung benotzt hunn.
(*UDHR : Persoun, déi Drogen consumméiert, mat an oder Virerrankungen. Kann eventuell fir sech oder anerer eng Gefor duerstellen – gesondheetlech, sozial an pysychologesch Problemer kéinten optrieden.)
Zéckt net, no Hëllef ze froen! Ab traut Iech ze unzehuelen …
Lëtzebuerg
Esch-Uelzecht
Ettelbréck
Schëtter (Schraasseg)
Mompech-Rouspert (Giwenech)
Opmaacherbild: © Wild Vibes / Unsplash