Search

You may also like

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen
Kultur Neiegkeeten

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen

Beoptraagt mat der ëffentlecher Uerdnung an dem Zivilschutz, huet den

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt
Kultur Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt

D‘USA hu sech fest virgeholl den Iran mam Réck widder

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder
Kultur Neiegkeeten

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder

Liewe gedeit an de Fiichtgebidder. Am Kader vum weltwäiten Dag

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

D'Initiative Stand Speak Rise Up rifft jiddwereen op, deelzehuelen

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der Stad Lëtzebuerg ee grousse Flashmob organiséiert, fir esou d’Solidaritéit am Kampf géint sexuell Gewalt – virun allem géint Fraen – auszedrécken.

Am Kader vun den zwou Konferenze géint dat genannten Thema um 26. a 27, Mäerz, wou och den Friddensnobelpräisdréier Dr Denis Mukwege an d’Nadia Murad mat dobäi wäerte sinn, hunn divers Institutiounen an Entreprisen an der Géigend vun der Place Winston Churchill decidéiert ee Flashmob ze organiséieren. D’Evenement, wat sech am Kontext vu Stand Speak Rise Up setzt, huet als Ziel ee Maximum u Participanten unzezéien an esou aus der Mënschemass d’Wuert „UP“ als Symbol ze bilden.

Weider Detailer

De Flashmob ass Méindes, den 25. Mäerz 2019 um 11:45 Auer op der Place Winston Churchill (1340 Lëtzebuerg). Institutiounen an Entreprisen déi deelhuele sinn: Axa Assurances, Bourse de Luxembourg, Clifford Chance, Elisabeth – am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg, Elvinger Hoss Prussen, Étude Notaire Delvaus, LetterOne an de Gesondheetsministère.

Related topics Flashmob, Place Winston Churchill, Sexuell Gewalt, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post