Search

You may also like

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op
Neiegkeeten

Esch-Belval: Den zweeten nationalen Impfzenter huet op

Fir och am Süde vum Land Impfungen géint Covid-19 unzebidden,

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen
Neiegkeeten

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU,

Israel-Palestina: D‘Onofhängegkeet vun deenen engen ass d‘Katastroph vun deenen aneren
Neiegkeeten

Israel-Palestina: D‘Onofhängegkeet vun deenen engen ass d‘Katastroph vun deenen aneren

De 14. Mee 1948 huet Israel seng Onofhängegkeet deklaréiert. Am

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert

FLEAA: D’Potential vu (Rees)Bussen gëtt konsequent ignoréiert

Enttäuscht iwwert de verzerrte Rapport 2020 vun der Europäescher Ëmweltagence (EEA) wëll d’Lëtzebuerger Federatioun vun den Exploitante vu Busser an Autocaren (FLEAA) d’Potential vu Busser a Reesbusser ervirhiewen. Am kierzlech verëffentlechten Dokument „Train or Plane?“ gëtt sech just op d’Ëmweltaflëss vun Autoen, Zich an dem Fliger bezunn, respektiv d’Nohaltegkeet vum Fliger an Zuch verglach, wärend de Bus als Transportmëttel fir länger Reesen ignoréiert gouf.

D’Etüd „Methodology for GHG Efficiency of Transport Modes“ weist drop hin, datt lokal Busser ëmmer manner genotzt ginn. Duerch wéineg Passagéier klammen d’Emissiounen pro Kapp. Hir Zuele géifen awer net den Donnéeën vun der däitscher Ëmweltagence entspriechen. Do gëtt nämlech gesot, datt am Duerchschnëtt 12 bis 15 Passagéier fir länger Distanzen am Bus sëtzen, datt op laang Distanzen d’Autocaren zu 55% an am Generellen zu 65% besat sinn.

Laut FLEAA kann e Bus mat enger Etage ëm 50 Passagéier transportéieren, bei zwou Etage sinn et bis zu 80 Persounen. Notzt een déi besote 55%, géifen am Duerchschnëtt op mannst 27 Passagéier am Bus sëtzen. D’Lëtzebuerger Federatioun geet dovunner aus, datt bei laangen Distanzen de Bus duebel esou vill besat ass, wouduerch d’Emissiounen ëm d’Halschent erofginn – amplaz 80g CO2/km wieren et also 40g CO2/km.

Ma, och bei de Passagéierzuelen am Zuch wier een optimistesch virgaangen an hätt doduerch d’Emissiounen ze geréng berechent. Am Rapport geet een dovunner aus, datt 160 bis 180 Persounen am Zuch sëtzen, a Realitéit sinn et der awer just ëm 82 fir den noe Verkéier. Rechent een d’Passagéierzuele vu laange Strecke bäi – dat sinn et 296 Persounen – entspriechen d’Zuelen net der Realitéit. All Joer géifen 2,7 Milliarde Passagéier lokal Zich an Däitschland notzen, mee nëmmen 150 Millioune Persounen reese wäit mat dësem Transportmëttel.

Wëll een déi bescht Moossname fir en nohaltegen Transport sichen, da soll ee sech och op real Zuele bezéien. Déi falsch Donnéeën féieren zu manner effikassen politeschen Decisiounen.

Wärenddeem gi bei der zweeter Etüd „Transport an d’ Environment Report 2020 (TERM)“ just den Zuch an de Fliger berécksiichtegt. E Reesbus gëtt net emol a Betruecht gezunn, woubäi awer 6% vun alle Reesen an d’Vakanz mam Bus ënnerholl ginn. D’Appelle vun de Politiker sollen sech dofir och u Busbetriber riichten an d’Notzung vu lokalen an ëffentleche Busser soll nees méi attraktiv gestalt ginn, amplaz just drop ze puchen der Privatpersoun en elektrescht Gefier unzeroden.

D’FLEAA ass dofir der Meenung, datt dat Europäescht Parlament seng Strategie zur intelligenter an nohalteger Mobilitéit iwwerdenken, an d’Potential vu Bussen abezéien soll. Dobäi dierf et net drëm goen, dat bescht Transportmëttel ze fannen, mee ze erkennen, wéi all Transportmëttel d’Mobilitéit completéiert an de Secteur méi nohalteg mécht.

Opmaacherbild: © Elizabeth Lies / unsplash

Related topics CO2-Emissiounen, Europäesch Ëmweltagence, FLEAA, Lëtzebuerger Federatioun vun den Exploitante vu Busser an Autocaren, Methodology for GHG Efficiency of Transport Modes, Nohaltegkeet, Potential, Reesbusser, Train or Plane?, Transport an d' Environment Report 2020, Transportmëttel
Next post Previous post