Search

You may also like

Legal… Illegal… Schäissegal…
Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Neiegkeeten

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

Gemeng Réiser: Vereedegung vum Erny Strecker
Neiegkeeten

Gemeng Réiser: Vereedegung vum Erny Strecker

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 12. Januar 2021 duerft den

FLEAA: Neie Kollektivvertrag stäerkt d‘Kafkraaft

FLEAA: Neie Kollektivvertrag stäerkt d‘Kafkraaft

Den 30. Januar hunn d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL mat der FLEAA (Lëtzebuerger Federatioun vun den Exploitante vu Busser an Autocaren) d‘Erneierung vum Kollektivvertrag fir dat mobilt an sedentäert Personal ënnerschriwwen.

Mat dësem neien Accord gëtt den 3.400 Salariéeë vum Secteur eng Stäerkung vun hirer Kafkraaft garantéiert an zu Verbesserunge bei den Aarbechtskonditioune kënnt och:

  • eng global Erhéijung vun 2,013% bis 2,79% vun de Salairen op 3 Joer fir den Ensembel vum Personal deen ënnert de Kollektivvertrag fält;
  • eng Extensioun vun de Barème fir d‘Führerschäiklassen: DI a B;
  • d‘Unerkennung vun der sektorieller Anciennetéit beim Changement vum Patron;
  • zousätzleche Congé an eng Verbesserung vun de Kompensatiounsdeeg.

No iwwert eppes méi wéi fënnef Joer u Verhandlungen, begréissen d‘Gewerkschaften datt et elo endlech zu engem Accord am strikten Interessi vun de Salariéeën aus dem Secteur komm ass.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Wolfang Michalke / Pixabay

Related topics FLEAA, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Next post Previous post