Search

You may also like

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden
Kultur Neiegkeeten

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden

Well sech den US-President Donald Trump och weiderhi weigert dee

Haalt d‘Kanner vum léiwe Gott net fir wëll Inten
Kultur Neiegkeeten

Haalt d‘Kanner vum léiwe Gott net fir wëll Inten

Als Eisebunnsgewerkschaft SYPROLUX komme mer op dësem 23. Dezember 2020

money
Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg

E Méindeg huet déi däitsch Gesellschaft „Creditreform Luxembourg“ déi zanter

Gottheet à la Bolognese – FSM dierf am Restaurant keng Massen halen

Gottheet à la Bolognese – FSM dierf am Restaurant keng Massen halen

Als Pirat ass den Deputéierte Marc Goergen schonn enk verbonne mat der Glawensgemeinschaft vum Fléiende Spaghetti Monster (FSM). Kee Wonner also, datt hien an enger parlamentarescher Fro emol nogehaakt huet, ob d’Pastafarier elo hir Nuddelsmassen am Restaurant – hirem „établissement destiné à l’exercice du culte“ – ofhalen dierfen, obwuel den HORESCA-Secteur Pandemie-bedéngt muss zou bleiwen.

D’Unhänger gleewen un dat fléiend Spaghetti Monster, dat mat sengem Oktopus-ähnleche Kierper – allerdéngs aus Nuddelen an zwou Kugele Gehacktes – d’Planéiten am Sonnesystem hält. Si hunn hir eege Bibel an am Himmel soll e Béier-Vulkan waarden. Teste kann een d’Relioun fir 30 Deeg a fënnt een an dëser Zäit kee Gefalen um Genuddels, kann een nees zeréck bei säin ale Glawen. Laut FSM staamt de Mënsch och net vum Primat, mee zu 99,9% vum Pirat of. An hei kënnt de Marc Goergen an d’Spill.

Spaghetti
www.spaghettimonster.org

Oppassen: Nuddelspassett undoen!

An der Parlamentaresch Fro N° 3223 zum Ausübe vum Kult am Kader vun der Pandemie vum 30. November 2020 huet sech de Pirat nämlech op folgende Saz aus dem Gesetz vum 25. November 2020 bezunn:

“Les établissements destinés à l’exercice du culte sont autorisés à rester ouverts exclusivement pour cet exercice, dans le respect des dispositions de l’article 4, paragraphes 2 à 6.”

Ma, grad den HORESCA-Secteur muss weiderhin seng Dieren zouloossen. Wärend gëschter bekannt gemaach gouf, datt e puer Lackerunge kommen, stellt d’Gastronomie einfach en ze héije Risiko duer. Dierfen d’Nuddelsmassen dann elo awer stattfannen? Goufen d’Glawensgemeinschaften iwwerhaapt beim Ausschaffe vum Gesetz abezunn? A wéi gëtt esou en Etablissement, an deem e Kult ausgeüübt dierf ginn, eigentlech definéiert?

Spaghettiwww.spaghettimonster.org

Do fält engem d’Gehacktes aus dem Grapp

Gëschter konnt de Premier- a Kultusminister Xavier Bettel eng zimlech erniichterend Äntwert ginn. D’Gesetz, fir d’Ausbreedung vum Covid-19 anzedämmen, gouf vum Gesondheetsministère a Koordinatioun mam Kultusdepartement ausgeschafft. Am Mee, sou wéi am Dezember 2020 koum et zum Echange mat konventionéierte Reliounsgemeinschaften.

Den Exercice vum Glawen dierf generell ausgefouert ginn, gëtt awer duerch all aner Dispositioune vum Gesetz limitéiert. D’Konditioune vun de Rassemblementer mussen erfëllt ginn. A fir weider Definitiounen zum Glawen gëtt op d’Verfassung verwisen.

Haaptpunkt ass awer, datt d’Gebai, an deem e Kult ausgeüübt gëtt, exklusiv dësem Zweck déngen dierf. Doduerch datt e Restaurant an éischter Linn e gastronomeschen Notzen erfëllt, mussen d’Pastafarier wuel weiderhin getrennt an an der eegener Kichen Nuddel an Zooss vereenen.

Spaghetti
FSM Luxembourg / Facebook

Sief einfach léif, okay?

Ob et sech bei FSM ëm eng tatsächlech Relioun oder éischter eng Parodie handelt, gëtt sech nach ëmmer gestridden. Fest steet, datt si „no Joerhonnerten verbuergener Existenz“ säit geraumer Zäit weltwäit bekannt gi sinn. Op hirer Säit gëtt dorop higewisen, datt all Grëtz Humor a Satir puren Zoufall ass, a souwisou huet hire Gott déi gréissten Nuddel.

Ma, och zu Lëtzebuerg huet sech d’Gemeinschaft schonn afonnt an iwwerzeegt mat engem iwwerraschend professionellen Optrieden. Verstoe kann een et jo: Wat war Äert Liiblingsiessen als Kand? Wat kacht Dir, wann Dir onentschloss sidd an et schnell goe muss? Wat kann een als Haaptplat, Bäilag, Zalot oder och an der Zopp iessen? Richteg, Nuddelen!

Zousätzlech muss een unerkennen, datt hiren Evangelium iwweraus sympathesch Ausdrocksformen benotzt, mat enger Aart Geboter, déi d’Welt e Stéck besser kéinte maachen.

Beispill gefälleg? Do kënne mir ubidden: „Mir wier et léiwer, du géifs meng Existenz net als Mëttel benotzen, fir een ze ënnerdrécken, ze ënnerwerfen, ze bestrofen, ze vernichten oder du weess schonn“ oder och „ Mir wier et léiwer, du géifs net Leit wéinst hirem Ausgesinn beuerteelen […] – sief einfach léif, okay?“.

Ob eescht gemengte Relioun oder net, ob seriéis ze huele parlamentaresch Fro oder net, mir si wuel all dankbar, wann ee sech nees am Restaurant treffe kann, ouni op Infektiounszuelen oppassen ze mussen.

Related topics Covid-19, Fléiend Spaghetti Monster, FSM, HORESCA, Kult, Marc Goergen, Nuddelsmassen, parlamentaresch Fro, Reliounsfräiheet, Restaurant, Xavier Bettel
Next post Previous post