Search

You may also like

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen
Neiegkeeten

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen

Déi sanitär Situatioun erfuerdert ëmmer erëm eng nei Evaluatioun a

Belsch Waffenhändler am Gléck
Neiegkeeten

Belsch Waffenhändler am Gléck

Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun

dislikesurprise
Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen
Neiegkeeten

Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen

En Donneschdeg hunn sech um Kierchbierg d‘Memberlänner vun der EU

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

De Carsharing-Service FLEX gëtt fir seng Notzer elo nach vill méi unzéiend! Mat zwou neie Statiounen zu Dummeldeng, bezéiungsweis Bouneweg gëtt d’Verfügbarkeet vum Service an der Haaptstad signifikant erhéicht. Doriwwer hinaus kritt d’FLEX-Statioun zu Hesper bis Enn Mee ee weidert Gefier dobäi.

Déi nei Statioun zu Dummeldeng ass direkt bei der Gare ze fannen. Zu Bouneweg kënnen d’Carsharer an der Rue de Pont-Rémy ee FLEX-Gefier fannen. Béid Statioune verdäitlechen d’Philosophie vum Service. De Jürgen Berg, Patron vu FLEX erkläert:“ Mat der neier FLEX-Statioun zu Dummeldeng gi mir den CFL-Clienten a weidere wichtege Verkéiersdréischeiwen d’Méiglechkeet, Zuchfueren an den Individualverkéier ganz onkomplizéiert mateneen ze verbannen.“

D’Wiel vum Standuert Bouneweg verdäitlecht, datt sech FLEX bei wäitem net just un déi went, déi Zuch fueren. Hiert Ziel ass et, all Notzer vu flexibler Mobilitéit ze iwwerzeegen. Dobäi soll de Service zu Hesper weisen, datt een op engem gudde Wee ass: mam zousätzleche FLEX-Gefier reagéiert een op déi erhéicht Nofro.

Den Jürgen Berg erkläert weider, datt si nees op Autoe vum Typ BMW 118i vertrauen. Dëse Modell, wéi och de Seat Leon hunn iwwerzeegt an erlaben dem Client, sech souwuel an der Stad, wéi och um Land komfortabel a sécher virun ze beweegen. Donieft zielt de Service 11 öko-effizient BMW i3 Elektroautoen, déi un all FLEX-Statioun an un de Chargy-Seilen opgelued kënne ginn.

Och beim Zousazauto zu Hesper huet d’Entreprise sech fir ee BMW 118i entscheet. Fir een Zäitraum vun 3 Méint gëtt den Auto zur Verfügung gestallt, fir ee kuerzfristegen Engpass ze vermeiden. De Jürgen Berg ënnersträicht, datt si dem Client net nëmmen eng héich Zouverlässegkeet bidden, mee och nach eng attraktiv Alternativ zum eegenen Auto.

Wien vum FLEX-Service profitéiere well muss sech ganz einfach iwwert flex.lu umellen an uschléissend d’FLEX-Card bei enger vun de 14 Ausgabeplazen (CFL_Garen a Gemenge) siche goen. Dobäi stinn 3 Abonnementer zur Verfügung, déi de Clienten ee flexibelen Zougrëff op méi wéi 80 Autoen un den 30 Statioune bidden. Käschte fale just bei der Notzung un: Bensin, Versécherung, Inspektioun a FLEX-Service sinn am Pauschalpräis abegraff.

Related topics Bouneweg, Dummeldeng, FLEX, FLEX-Carsharing, Hesper, Jürgen Berg
Next post Previous post