Search

You may also like

money
De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert
Neiegkeeten

De Staatsbankrott vu Venezuela a véier Froen, erkläert

Dëse Méindeg 13. November wäert Venezuela senge Creanciere mussen agestoen,

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord
Neiegkeeten

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt
Neiegkeeten

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt

Nom Verloscht vun zwee Mandater an der Feststellung, datt „déi

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie Statiounen zu Esch-Uelzecht a Jonglënster, sinn dann och déi 21. respektiv 22. FLEX-Statioun operationell. Op all dëse Statioune stinn zanter dem 13. Juli zwee Gefierer de Clienten zur Verfügung.

FLEX-CarsharingAll dës Statioune sinn an enker Zesummenaarbecht mat de betraffene Gemengen ageriicht ginn, dat natierlech an onmëttelbarer Noperschaft zum ëffentlechen Transport. Flott un dësem System ass, datt op béide Statiounen, d‘Autoe fir jiddereen zougänglech sinn. Et ass hei dann och egal op een den ëffentlechen Transport oder eben net.

Dat bescht ass dann och nach: „De FLEX-Schlëssel“ an der Täsch ze hunn, kascht näischt“. Et geet duer sech online unzemellen, an da muss een nach just seng FLEX-Kaart ofhuelen. Mat dëser Kaart huet de Client alles an der Täsch wat néideg ass, fir op de FLEX zouzegräifen.

FLEX-Carsharing

D‘FLEX-Statioun bei der Gare zu Jonglënster. © CFL

Bezuelt gëtt iwwregens och nëmmen dann, wann een de Service benotzt. Hei gëtt et keng verstoppte Käschten: Bensin, Assurance, Entretien a FLEX-Servicecenter sinn am Präis abegraff. Domatter gëtt de FLEX als Déngschtleeschtung ëmmer méi interessant, an ënnersträicht zugläich, datt Lëtzebuerg sech Innovatiounen net verschléisst.

A mat Esch-Uelzecht a Jonglënster ass den Ausbau jo och nach net eriwwer. Aus gutt informéierte Kreesser si mir gewuer ginn, datt nach weider Statioune geplangt sinn. Wann dir méi iwwert de FLEX-Service vun der Eisebunn wëllt gewuer ginn, oder iech direkt scho wéilt umellen, da musst dir just op www.flex.lu goen.

Foto: D‘FLEX-Statioun bei der Gare zu Esch-Uelzecht. © CFL

Related topics CFL, FLEX-Carsharing, Mobilitéit
Next post Previous post