Search

You may also like

En neien Direkter fir den Honnertkommasiwen
Business Meenung Neiegkeeten Sport

En neien Direkter fir den Honnertkommasiwen

Entspriechend dem Communiqué vum Verwaltungsrot vum sozio-kulturelle Radio „100,7“ gëtt

Avenue de la Faïencerie: Et gëtt um Reseau geschafft (30.05.2021)
Business Meenung Neiegkeeten Sport

Avenue de la Faïencerie: Et gëtt um Reseau geschafft (30.05.2021)

E Sonndeg, den 30. Mee gëtt an der Avenue de

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock
Business Meenung Neiegkeeten Sport

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock

Wëll den internationale Geriichtshaff géint US-Zaldoten ermëttelt, deene Krichsverbriechen am

D‘FLF kritiséiert sanitär Reegele fir den Nationalstadion (kommentéiert)

Nodeems dann elo endlech den neien Nationalstadion bereet fir seng éischt Renconter ass, huet de Lëtzebuerger Fussballverband (FLF) eppes Kappwéi. Deen hu mir och, allerdéngs aus anere Grënn.

D‘FLF kritiséiert sanitär Reegele fir den Nationalstadion (kommentéiert)

Zwar ass déi offiziell Erëffnung vum Nationalstadion eréischt fir de 25. September virgesinn, an de 26. September huet et en Dag vun der oppener Dier, mee d‘Wiss, déi gëtt schonn eppes éischter ageweit. Dat mat direkt zwee Qualifikatiounsspiller fir d‘Weltmeeschterschaft 2022. Déi gëtt jo bekanntlech am Katar ausgedroen, engem Land dat all eis Wäerter deel…

Wéi déi europäesch Ausriichtung betreffend Mënscherechter – zumindest offiziell – betrëfft esou si fir den 1. September d‘Ekipp vun Aserbaidschan, dann de 7. September d‘Ekipp vum Katar, fir de Lëtzebuerger ze weise wéi Fussball geet. De Virverkaf ass haut ugelaf, de Präis fir déi bëlleg Plaze läit bei 20 bis 40 Euro, wie méi wéi Chef-de-Gar ass, ka fir 250 Euro an der Business-Klass sëtzen.

Aus dem internationalem Departement vun der FLF heescht et, datt ee risegt Interessi fir déi Tickete géif ginn. Et richt no Goss, an dat ass jo wuel och dat wichtegst am Fussball. Mee den hei erhoffte Jackpot, dierft der FLF bei dëse Mätscher verwiert bleiwen. Manner wëll d‘Leit net géifen agesi firwat een Onrechtsstaaten an hirer Politik bestätege sollt, andeems een do hir „Sportler“ begréisst.

Nee de Lëtzebuerger Supporter vun der Nationalekipp ass – grad wéi och d‘Spiller selwer – voll a ganz apolitesch, oder verwiert sech zumindest dergéint, datt de Sport mat der Politik vermëscht gëtt, wat jo bei der leschter Weltmeeschterschaft, vum Weltverband nach emol mat ganz vill Nodrock ënner Beweis gestallt ginn ass. De Lëtzebuerger géif folgerichteg och géint Wäissrussland spillen…

Diktatoren an Autokrate sinn awer déi grouss Frënn vu FIFA an UEFA, firwat een och bannent der FLF ganz ënnerwerfeg a mam Verweis op déi politesch Neutralitéit, bereet ass all Fräsch ze schlécken, wann de Scheck nëmme genuch Nulle virum Komma Opweises huet. An do kéint et elo „enk“ ginn, well nëmmen 2.000 Zuschauer – wéinst Covid19 – zu de Spiller zougelooss sinn.

Wien huet hei d‘Soen?

Streng geholl géifen an den Nationalstadion ronn 9.500 sportbegeeschtert Frënn vum ronne Lieder passen, mee nach ass d‘Pandemie net iwwerstanen an et sinn och nach net genuch Leit geimpft. Do kanns de näischt maachen. Dat war jo esou scho bei der Renconter Nidderkuer-vun der leschter Woch. Gutt do fält et net esou op, mat esouvill Mënschen ass de Stadion zu Nidderkuer bal voll.

Ee Freideg huet den Tresorier vun der FLF, Erny Decker, am Kader vun der Presentatioun vun der neier Internetsäit vum Stadion wësse gelooss, datt d‘Federatioun sech un de Gesondheetsministère adresséiert huet, an och op d‘Politiker wäert Drock maachen, fir net nëmmen duebel esouvill Leit wéi virgesinn, mee mindestens därer 5.000. Offiziell, fir d‘Fans an d‘Gäscht aus dem Ausland…

Datt et dem Tresorier ëm de Goss geet, soll een net soen, well dat géif net stëmmen. Hei ass eenzeg de Sport a méi prezis de Fussball ëm deen et geet, aleatoirement wuel och eppes ëm dat drolegt Bild datt Lëtzebuerg Diktaturen an Onrechtsstaaten bitt. Wann een an Ungarn kann ouni Mask der WM bäiwunnen, kéinten déi vill Virsiichtsmoossnamen, de Reegele vum Weltverband widderspriechen.

Alles gëtt gutt, eppes Gedold w.e.g.

Beim Spill vun der Dammen-Nationalekipp géint England (21. September) kéinten et der Méi sinn, well dat aktuellt Covid19-Gesetz de 15. September ausleeft. Ganz ewech fale wäert dat Gesetz awer net, et huet bekanntlech Varianten, déi hirersäits (ee bëssi wéi d‘FLF) Drock op d‘Politik an d‘Santé maachen. Bezunn op Aserbaidschan a Katar, ass engem de Virus scho bal Sympathesch…

Méi generell, a kloer bezunn op déi genannte Qualifikatiounsspiller: wien do mengt, datt wann een sech esou Spill ukucke geet, dat eng politesch neutral Aktioun ass deen iert. Et ass iwwregens egal ob et dobäi ëm Fussball oder en anere Sport geet, woubäi de Fussball déi wuel gréisser Visibilitéit huet. Dobäi sollt ee scho grondsätzlech vun der FIFA an der UEFA ugesate Spiller „vermeiden“.

Béid Verbänn sinn de facto kriminell Organisatiounen, déi nëmmen aus engem eenzege Grond nach bestinn: vill Fonctionnaire si politesch Acteure, oder hu politesch Acteuren op der Gehaltslëscht stoen. A si sëtzen an der Schwäiz, engem Land an dem Neutralitéit ee Geschäftsmodell ass. Gutt wann een d‘Fussballfans an Europa esou betruecht, déi sech all gudden Dag op d‘Sabbel schloen…

Loosse mir dann ofwaarden, wat d‘Regierung der Kritik vum Erny Decker entgéintzesetzen huet. Schlecht si seng Chancen op eng Derogatioun jo net. Et huet keng Fouer wéi gewinnt an d‘Leit wëllen ënnerhale ginn. D‘FLF wëll zudeem esouvill Tickete wéi méiglech lassginn a wa méi Leit an de Stadion dierfen, kéime wuel och méi Touristen. Déi géifen den Hotelieren zu Pass kommen.

Illustratioun: © Fauzan Saari / unsplash

Related topics Aserbaidschan, Covid19-Gesetz, FLF, Fussball, Katar, sanitär Reegelen, WM-Qualifikatiounsspill
Next post Previous post