Search

You may also like

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

E gudde Rennweekend fir den Dylan Pereira

No senger Victoire um Hockenheimring – woufir et leider keng

Éierenmedailen fir den Inneministère
International Neiegkeeten

Éierenmedailen fir den Inneministère

Pünktlech zu Nationalfeierdag huet gëschter d’Inneministesch Taina Bofferding Éierenauszeechnungen un

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“
International Neiegkeeten

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“

Zanter enger gudder Woch elo, ass et och Krautmaart net

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA mat der Ermordung vum iranesche Generol Quassem Soleimani eppes erausgefuerdert haten, ass keen zu Schued komm, net emol Material soll zu Broch gaange sinn. Zur selwechter Zäit ass awer zu Teheran eng Boeing 737 vum Himmel gefall, all 176 Mënschen u Bord sinn dobäi verstuerwen.

Washington beschëllegt d‘Ajatollahen de Fliger „ofgeschoss“ ze hunn, dat méiglecherweis net mat Absicht, an awer. Elo verfügen dann och Groussbritannien a Kanada, déi d‘USA am Irak stäipen an och soss op enger Linn mat Washington sinn, wann et drëms geet d‘Iraner ze diskreditéieren, iwwer Informatiounen, déi beweise géifen, datt d‘Boeing 737 aus der Ukrain ofgeschoss ginn ass.

Elo muss een dëser Theorie (Beweiser wëll jo kee virleeën) zerguttst halen, datt eventuell déi iranesch Verdeedegung d‘Signal vun der ukrainescher Passagéiermaschinn, fir en Ugrëff vun den Amerikaner gehalen huet, an Loftofwierrakéiten ofgeschoss huet. Mee och dat gouf an der tëscht säitens Teheran zréckgewisen, an d‘Ajatollahe verlaange vun de Kanadier d‘Beweiser.

TeheranD‘Kanadier hunn een Interessi, datt d‘Hannergrënn vum „Accident“ opgekläert ginn, ware jo 63 hirer Landsleit u Bord vun der Maschinn. „Mir hunn Geheimdéngschtinformatioune vun eisen Alliéierten an och eegen Informatiounen. Dës Informatiounen deiten drop hinn, datt de Fliger vun enger iranescher Buedem-Loft Rakéit ofgeschoss ginn ass“, esou de Justin Trudeau.

Fir de kanadesche Premierminister géif awer d‘Méiglechkeet bestoen, dat et net beabsichtegt war. Säi briteschen Homolog Boris Johnson wëll ee „Korpus un Informatiounen“ hunn, déi op en Ofschoss duerch eng iranesch Rakéit hindeiten. Onméiglech ass dat net, mee wéi ëmmer wann den USA hir Partner dee selwechte Wuertlaut wéi Washington benotzen, feelt et un de Beweiser.

Et gëtt sech op Radardate beruff

Wann ee bedenkt wéi vill Militärsatellitten op dës Regioun ausgeriicht sinn, wéi eng Kontroll eleng d‘Amerikaner mat hiren Alliéierten aus der Loft (Fliger an/oder Dronen) ausüben, da muss ee ganz virsiichteg sinn, wann et heescht: „US-Geheimdéngschter hu Signaler vun engem Radar opgefaang deen ageschalt ginn ass an US-Satellitte wëllen de Start vu Rakéite bemierkt hunn“.

Gutt, dozou soll ee wëssen, datt d‘Amerikaner generell all Date sammelen un déi si erukommen, a ganz besonnesch dierft sech no der provozéierter Eskalatioun op d‘Golfregioun konzentréiert gi sinn. Firwat ginn dann déi „Beweiser“ net virgeluecht? Den iranesche President Hassan Rohani, huet jiddefalls vu sengem Verkéiersministère verlaangt, den Ofstuerz opzeklären.

Teheran

© Hossein Mersadi/FARS

Déi sougenannt „schwaarz Këschten“ si jo geséchert ginn, a Washington huet déi scho vun den Iraner ugefuerdert. D‘Iraner hunn d‘FAA agelueden an och Experten aus der Ukrain, Kanada a Frankräich dierfen sech mat Boeing-Fachleit am Iran un der Enquête bedeelegen. Déi schwaarz Këschte sollen awer am Iran bleiwen, fir eng US-Manipulatioun ze verhënneren.

Et kéint also duerchaus sinn, datt déi ukrainesch Passagéiermaschinn den éischte Kollateralschued am oppene Konflikt tëscht Washington an Teheran ass. A wann deem esou wier, dierf drop higewise ginn, datt méi Iraner gestuerwe sinn, firwat och net vun engem geziilten Ofschoss ka rieds sinn. Mee et ass kloer ee Kaddo fir d‘Propaganda, an den US-Wahlkampf lieft vun esou Geschichten.

Bis ewell awer sinn et alles Spekulatiounen a Washington kann nëmmen un Ermëttlungen Interesse hunn, déi hir Positioun stäerkt, wat am Ëmkéierschluss och fir Teheran gülteg ass. Et brauch hei eng onofhängeg Enquête, wann een sech eng éierlech Opklärung erwaart. Soss kann een d‘Aussoe vum Donald Trump a sengen Alliéierten direkt fir boer Mënz huelen a sech d‘Ermëttlungen erspueren.

D‘Ukrain bedeelegt sech net un de Virwërf

Während d‘USA mat Kanada a Groussbritannien sech op en „Ofschoss“ vum ukrainesche Fliger gëeenegt hunn, ass den ukrainesche President Wolodymyr Selenski wiesentlech méi zréckhalend. Natierlech verlaangt och hien – zu Recht – datt d‘Ëmstänn vun dëser Tragedie ëmfänglech mussen opgekläert ginn, mee hie schléisst sech de Virwërf géint den iranesche Regime net un.

Déi ukrainesch Regierung huet zudeem hir eegen Experten op Teheran geschéckt, déi do gutt opgeholl goufen an scho mat éischten Analysen um Terrain beschäftegt sinn. Laut Kiew wier et keng Hëllef ouni konkret Informatioune Beschëllegungen an d‘Welt ze setzen. Iert d‘Ermëttlungen net ofgeschloss sinn, ass d‘Regierung also net gewëllt sech de Spekulatiounen unzeschléissen.

Aus Russland gëtt och erhieflech – wann och aus guddem Grond inoffiziell – Zweiwel un deene vun de genannte Parteien ausgedréckte Behaaptungen. Moskau huet dann och direkt näischt mam Virfall ze dinn, woubäi et awer richteg ass, datt si 2006 Loftofwierrakéiten un den Iran verkaf hunn, déi duerchaus d‘Potential hunn heifir verantwortlech ze sinn. Mee nach feelt et u Konkretem.

mat indymedia/tlv/ott/nyc/lon/kiw

Foto: Laut „Experten“ déi net op der Plaz waren, also net eegenen Aen dat wat vun der Boeing 737 iwwreg bliwwen ass gesinn hunn, géif un de Fotoen erkennen, datt de Fliger vun enger Rakéit getraff gouf. Dat ass sécherlech net auszeschléissen, awer schonn eppes gewot, ouni d‘Enquête ofzewaarden, sech esou däitlech festzeleeën. © Hossein Mersadi/FARS

Related topics Fligeraccident, Fluchofwierrakéit, Iran, Teheran, Ukrain
Next post Previous post