Search

You may also like

Esch2022: Wann d’Brillplaz erliicht gëtt
Neiegkeeten Sport

Esch2022: Wann d’Brillplaz erliicht gëtt

Inspiréiert vun den traditionellen asiatesche Sandmandalaen huet d’Lëtzebuerger Kënschtlerin Martine

Erfollegräiche Verfassungsreferendum am Chile
Neiegkeeten Sport

Erfollegräiche Verfassungsreferendum am Chile

Nach sinn d‘Stëmmen net all ausgezielt, mee 45% vun de

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)
Neiegkeeten Sport

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)

27,65% – Déi Zuele sinn net d’Resultat, déi eng Partei bei

Mat Engagement a guddem Schongwierk: En halleft Joerhonnert Lëtzebuerger Wandersportfederatioun

Mat Engagement a guddem Schongwierk: En halleft Joerhonnert Lëtzebuerger Wandersportfederatioun

A senge 50 Joer Bestoen konnt d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (FLMP) säin Album voller Erënnerunge mat gesellegen Aktivitéiten, sportleche Leeschtungen, Erfolleg an Upassungsfäegkeet fëllen. „Wanderen ass nach ëmmer in, a jiddereen ass wëllkomm“, sou huet de Georges Kintziger, Generalsekretär vun der FLMP, et bei der Pressekonferenz ënnerstrach. Ma, wéi hunn d’Wandergecken iwwerhaapt beienee fonnt a wat hu si an dësem hallwe Joerhonnert erlieft?

Op der éischter Säit vun eisem imaginäre Fotoalbum fanne mir eng Opnam vum Bodensee. Am Joer 1968 hu sech Däitschland, Éisträich, Lichtenstein an d’Schwäiz hei zesummefonnt, fir den Internationale Volkssportverband (IVV) ze grënnen. Wanderen als Aktivitéit fir jidderee sollt duerch geselleg Evenementer méi Wäertegkeet erhalen. Als Sport ouni Zäitlimitt a Klassement, gëeegent fir all Persoun, déi gären un der frëscher Loft ass bitt Wanderen en immenst Potential.

FLMP
Zuelräich ware se komm, fir der Press d’Geschicht vun der Federatioun, sou wéi d’Zukunftspläng vizestellen © Shari Pleimelding / moien.lu

Dëser Wanderfreed konnt ee sech zu Lëtzebuerg net enthalen, an esou bliedere mir weider am Album. Déi éischt richteg IVV-Wanderung hei am Land huet den 20. Mee 1971 zu Hamm stattfonnt a konnt direkt 1.275 Participanten ulackelen. De Startschoss war gesat a schnell hu sech 23 Veräiner zesummefonnt, déi dunn déi haiteg FLMP gegrënnt hunn. Aktuell zielt d’Federatioun iwwregens 46 Veräiner an ëm 4.600 lizenzéiert Wanderer.

Aus dëser Begeeschterung eraus hu sech weider Sportveräiner gebilt, sech mat existente Veräiner zesummegedoen a sech der FLMP ugeschloss. Den nächste groussen Erfolleg konnt gefeiert ginn, wou d’Lëtzebuerger Federatioun um 6. Februar 1972 offiziell, an als éischte Member zënter der Kreatioun duerch déi 4 uewe genannte Länner, an d’IVV opgeholl ginn ass. Ma, do war et och fir de Sportsministère kloer, datt si d’FLMP unerkenne géifen a kuerz drop war een och Member vum COSL.

FLMP

Déi schéinsten Andréck sammelt een, wann een trëppelt

D’Sammele vu Stempelen, Patches, Diplomer a Medailen sinn wuel fir déi meescht Wanderer net d’Zil vun der Aktivitéit, mee eng super Erënnerung dorun, wat si geleescht hunn. Nieft der Beweegung an den Erliefnisser ass et virun allem d’Gesellegkeet, déi dëse Sport ausmécht. Passend dozou huet d’FLMP un zuelräichen internationalen Evenementer deelgeholl a selwer organiséiert.

Besonnesch den nationale Wandersportdag, dee laang Zäit zu Klierf stattfonnt huet, konnt sech zum groussen Highlight entwéckelen. Zënter der Kreatioun vun der IVV-Volkssport-Olympiad am Joer 1989 huelen och reegelméisseg motivéiert Lëtzebuerger deel. Zesumme mat den däitsche Kollege vun der DVV konnt een op der Europiad zu Iechternach an Irrel Wanderer aus der ganzer Welt empfänken.

Mam „Young Walkers Day“ oder de „Yuppi-Walks“ kommen och kleng Wanderer op hir Käschten a bréngen d’Suelen zum gléien. An duerch d’Zesummenaarbecht mam Tourismusministère ginn et mëttlerweil och IVV-Wäertunge vun den Autopedesteren an dem Lëtzebuerger Jakobswee. Dëst si just e puer vu ganz ville Leeschtungen, déi d’FLMP a 50 Joer erbruecht huet.

Aus allem Schlechten, kann een och eppes Guddes zéien

Mam Ufank vun der Pandemie sinn déi traditionell IVV-Wanderungen, déi meeschtens u Sonndeger stattfonnt hunn, ewech gefall. Reegelméisseg konnten déck iwwer 1.000 Participanten bei dësen Evenementer ugezu ginn. Ganzer 32 Wander-Veranstatlungen hu missen ofgesot ginn an nach ëmmer erkritt dëse Beräich sech net.

FLMP
FLMP-Pressekonferenz

D’Leit siche Gesellschaft, a genee dat ass aktuell nach ëmmer schwiereg. Dobäi konnt Lëtzebuerg als eenzegt europäescht Land d’Offer vun den IVV-Wanderungen esou wäit et méiglech war oprecht erhalen a souguer ausbauen. Fort vum traditionelle Standbeen, an hin zu innovative Mëttel – Esou war de Motto vun der FLMP, déi dat lescht Joer fir d’Organisatioun vun ugepassten Initiative genotzt huet.

Hat d’Federatioun soss nämlech seng traditionell IVV-Wanderungen, geféiert Wanderungen a permanent Wanderweeër ugebueden, esou koume mat der Pandemie och nach Cups, Trails an digital Wanderunge bäi.

FLMP
FLMP-Pressekonferenz

No e puer ufängleche Schwieregkeeten – schliisslech war dës Upassung och mat e bëssen Drock an neien Erfarunge verbonnen – huet ee sech d’Kritike vun Ufank un zu Häerze geholl. Ma, elo huet sech dat individuellt Wanderen zum grousse Gewënner vun der sanitärer Kris entwéckelt. D’Lëtzebuerger hunn dës Aktivitéit fir sech entdeckt, doduerch d’Heemecht nei erlieft a gläichzäiteg eppes fir Been a Pupes gemaach.

Wie gären vun de gekennzeechente Weeër profitéiert, dee kann eng Startkaart bei der FLMP ufroen, säi Wee tracken, an déi ausgefëllte Startkaart, sou wéi d’Opzeechnung vun der Wanderung un d’Federatioun schécken, fir als Belounung jee no Wee e Stempel, Diplom, Patch oder souguer eng Medaile ze erhalen.

Natierlech hofft déi ganz Ekipp awer dorop, mam CovidCheck-Regimm scho geschwënn nees Evenementer an traditioneller Form organiséieren ze kënnen.

Wat d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun deemnächst esou geplangt huet, a wéi si hire 50-järege Jubiläum feieren, gitt Dir muer op eiser Säit gewuer.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Romain Buschmann, FLMP-president; Georges Kintziger, FLMP-Generalsekretär © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics 50 Joer, FLMP, Georges Kintziger, IVV, Jubiläum, Kreatioun, Lëtzebuerger Wandersportfederatioun, Romain Buschmann, Sport, Wanderen
Next post Previous post