Search

You may also like

Schoul a Covid19-Zäiten: Méi Flexibilitéit wann ech gelift!
Neiegkeeten

Schoul a Covid19-Zäiten: Méi Flexibilitéit wann ech gelift!

D‘Lycéeën hunn hire Betrib de 15 September nees opgeholl, dëst

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence
Neiegkeeten

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence

Fir d’Waardezäite fir Patienten an der Urgence ze verkierzen hunn

Eng dezentraliséiert Reprise
Neiegkeeten

Eng dezentraliséiert Reprise

No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen

Am Virfeld vum Vältesdag besichen d‘Floristen a Gäertner d‘Entscheedungsdréier a verschenke geblimmelte Message mat beruffsstännege Wënsch. D‘Jonggäertner (JGL) an Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Gäertnervereenegung (FHL) maachen sech heifir, de Freideg 8. Februar op den Tour. Hire Message vum 51, Vältesdag-Cortège: „Save the florists“

Gestart den Ëmzuch um 8 Auer bei der Landwirtschaftskummer zu Stroossen. Duerno geet et zesumme mat de Vertrieder vun der Direktioun vum Ettelbrécker Landwirtschaftslycée, der ASTA, dem IVV an dem SER op de Krautmaart (9 Auer) vu wou aus et da bei de Staatsrot geet (9.45 Auer) an uschléissend op d‘Handelskummer (10.40 Auer). Kuerz viru Mëtteg sinn se da bei der Handwierkerkummer an der Handwierkerfederatioun um Kierchbierg (11.40) vu wou aus et dann zum Mëttegiesse geet.

Am Nomëtteg dann e kuerze Besuch bei der Bertelsmannduechter RTL (15 Auer) iert et um Knuedler beim Stater Schäfferot zum Ofschloss kënnt (15.45 Auer). Schonn den 2. Februar, ware si bei der Inauguratioun vun der Timberen-Ausstellung „Rousen“ zu Walfer. Den 18. Mäerz hu béid Federatiounen dann hir Generalversammlung.

Related topics FHL, Floristen, Gäertner, JGL, Vältesdag
Next post Previous post