Search

You may also like

Buchpresentatioun vu „Pepper-Man“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Pepper-Man“

Déi berühmt Autorin Cassandra Tipp ass spurlos verschwonnen. Zeréck bleift

Maartgänger opgepasst: Nei Zäite fir de Bouneweger Maart
Neiegkeeten

Maartgänger opgepasst: Nei Zäite fir de Bouneweger Maart

Esou wéi et d‘Stad Lëtzebuerg déi lescht Woch scho widderholl

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt
Neiegkeeten

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt

Et ass dem François Bausch säi Mobilitéitsministère deen de Kader

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Wien interesséiert ass matzemaachen dierf sech mellen

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Vun Abrëll bis Oktober, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg all éischte Sonndeg am Mount e gréissere Floumaart. Dee fënnt da statt, vun 10 bis 17 Auer, awer net ëmmer op der selwechter Plaz, dofir hei schonn emol de Kalenner mat de Plazen op deenen de Floumaart stattfënnt:

  • 7. Abrëll: Knuedler
  • 5. Mee: Garer Avenue
  • 2. Juni: Knuedler
  • 7. Juli. Garer Avenue
  • 4. August: Knuedler
  • 1. September: Knuedler
  • 6. Oktober: Knuedler

D‘Participatioun ass gratis, aschreiwe muss ee sech via e-Mail

Hale mir nach fest, datt dëse Floumaart de Privatpersoune virbehalen ass, déi sech vun alem awer nach flotte Geschir trenne wëllen, amplaz et der Dreckskëscht ze iwwerloossen. Vu Biller iwwer Porzeläin, Spillsaachen an anert Geräbbels dat sech am Keller oder um Späicher iwwert eng weider Benotzung géif freeën. Dat ass et wourëms et geet.

Et ass verbueden alles ze verkafen, wat generell vum Lëtzebuerger Gesetz verbueden ass. Déiere sinn Tabu! Nei Saachen dierf een da grad wéi Iesswueren oder Gedrénks, och net ubidden. Déi detailléiert Informatiounen iwwert wat geet a wat net erlaabt ass fannt dir wéi gewinnt um Site vun der Stad Lëtzebuerg oder dir dréckt „HEI“ op de Link.

Vun dësem Joer un kann een sech gratis eng Plaz reservéieren an notzen. Villes muss dofir net gemaach ginn: et geet duer sech de FORMULAIRE erofzelueden, auszefëllen an per e-Mail un videgrenier@vdl.lu ofzeschécken. An dësem Kontext nach d‘Informatioun, datt d‘Aschreiwunge vum 1. bis den 10. vum Mount virum Floumaart dee stattfënnt mussen agereecht ginn.

Erklärung: Fir de Floumaart vum Abrëll beispillsweis, muss ee seng“Kandidatur“ tëscht dem 1. an dem 10. Mäerz agereecht hunn. Tëscht dem 11. an dem 20. Dag ginn dann all déi Leit kontaktéiert, deenen hir Demande zréckbehale ginn ass, datt dann nees iwwert de Postwee, also mat engem Bréif. D‘Awunner vun der Stad Lëtzebuerg genéissen d‘Prioritéit bei der Vergab vun de Plazen.

matgedeelt vun der Stad Lëtzebuerg, aus dem franséischen iwwerholl vum Laure Schlesser

Related topics Floumaart, Knuedler, Stad Lëtzebuerg, Videgrenier
Next post Previous post