Search

You may also like

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill
Neiegkeeten

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Op eleng, zou zweet, als Famill oder Grupp vu Frënn,

Police: De Minister Kox huet 5 nei Membere vereedegt
Neiegkeeten

Police: De Minister Kox huet 5 nei Membere vereedegt

Gëschter huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, 5

Formel 1: Déi Grouss Präisser vun Imola, déi an d’Geschicht agaange sinn
Neiegkeeten

Formel 1: Déi Grouss Präisser vun Imola, déi an d’Geschicht agaange sinn

Am Kader vum GP vun der Emilia-Romagna wäert d’Formel 1

D’Sanitär Moossname fir Fluchreesen goufe verlängert

D’Sanitär Moossname fir Fluchreesen goufe verlängert

Well d’Situatioun vum Coronavirus sech op nationalem an internationalem Niveau verbessert huet, informéieren den Ausseministère an de Gesondheetsministère datt d’Moossnamen, déi fir all d‘Flich mat Destinatioun Lëtzebuerg ergraff goufen an zanter dem 13. Juni a Kraaft sinn, bis den 21. September verlängert goufen.

Vun elo un muss all Persoun ab 12 Joer, déi mam Fliger a Lëtzebuerg areese wëll, een Impfpass oder Covid19-Zertifikat virleeë kënnen. Den Impfstoff muss vun der europäescher Medikamentenagence EMA zougelooss gi sinn a vun enger medezinescher oder ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der Europäescher Unioun oder engem Memberstaat aus dem Schengener Raum kommen. (AstraZeneca, BioNTech / Pfizer, Johnson & Johnson a Moderna.)

Et ass och méiglech ee Certificat vun engem Dokter oder enger nationaler Autoritéit vun engem Memberstaat vun der europäescher Unioun oder engem Memberstaat aus dem Schengener Raum virzeleeën dee bescheinegt, datt déi concernéiert Persounen an de leschte 6 Méint un enger Infektioun erkrankt waren a elo geheelt sinn.

Des weideren ass et méiglech en negatiivt PCR-Testresultat (op Pabeier oder als Applikatioun) virzeleeën, dobäi soll d’Resultat net méi al wéi 72 Stonne sinn. En Antigen-Schnelltest muss op mannst 48 Stonne virum Fluch duerch e medezinesche Labo duerchgefouert ginn. D’Resultat muss an enge vu den Verwaltungssprooche vu Lëtzebuerg oder op Englesch, Italienesch, Spuenesch oder Portugisesch virleien.

Dës nei Moossname gëlle fir all Persoun déi mam Fliger a Lëtzebuerg areese wëll an ergänzen déi Beschränkungen, déi scho bestinn a sech u Bierger aus den Drëttstaate riichten. An dësem Kontext ass drop hinzeweisen, datt d’Veruerdnung iwwer déi temporär Areesbeschränkunge fir Drëttstaaten op dem Territoire vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg, implementéiert duerch dat groussherzoglecht Reglement iwwer temporär Restriktioune fir Immigratioun, bis den 30. September 2021 verlängert ginn ass.

All Persoun déi sech an de 14 Deeg viru sengem Openthalt an Indien oder Groussbritannien opgehalen huet, muss sou séier wéi méiglech ee COVID-19-Test maachen an dem medezinesche Personal matdeelen, datt en an engem vun den zwee Länner war. Dat gëllt fir jiddwereen, onofhängeg dovunner wéi laang en am Land war a wéi laang en zu Lëtzebuerg bleift. Wann déi concernéiert Persounen d‘Rees mam Fliger gemaach hunn, kënne si sech gratis am Testzentrum vum Findel teste loossen.

Och eng streng Quarantaine vu 7 Deeg ass Flicht – ab dem 6. Dag gëtt nach een zweete PCR-Test gemaach. Ma wann ee sech refuséiert een Test bei der Arrivée (oder de 6. Dag) ze maachen, gëtt d’Quarantän automatesch ëm 7 Deeg verlängert. Fir Groussbritannien gëllt dës Reegelung bis den 31. Juli 2021 fir Indien bis de 14. September. Fir e bessere Kontakt-Tracing ze garantéieren, musse Betraffener hir Präsens bei der Gesondheetsinspektioun deklaréieren.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Covid19-Zertifikat, Fluchreesen, Impfung, Informatioun, Pandemie, PCR-Test, Schnelltest, Vakanz
Next post Previous post