Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier
D’Sea-Eye-Rettungsschëff Alan Kurdi geet no enger Zwangspaus vu 4 Méint
D’Sea-Eye-Rettungsschëff Alan Kurdi geet no enger Zwangspaus vu 4 Méint
Den 21. Mee 2019 sollt als wichteg Etapp am Entwécklungsprozess
An der lettescher Korruptiounsaffär ëm den Zentralbankchef Ilmars Rimsevics, hunn
Dem Michael Ende säi Buch Momo entféiert mech allkéiers zeréck a meng Kandheet, et ass schéi mech jonk an onbeschwéiert ze fillen. D’Momo besëtzt nämlech net vill – mä hatt schenkt senge Matmënschen dat wäertvollst iwwerhaapt. Seng Zäit! Gro Hären hunn et op d’Liewenskraaft ofgesinn a just d’Momo kann hëllefen. Zesumme mat der Schildkröt Kassiopeia probéieren se dat Béist opzehalen …
© Jessica Mersch / Bichergeck
Fir mech ass d’Buch Philosophie puer! D’Liesen erënnert een nees drun ewéi vergänglech d’Liewe ka sinn, mir däerfen eis Minutten, Stonnen an Deeg net verbëtzen. Wëlle mir e Liewen an Zäitdrock? Wat geet eis dobäi verluer? An eiser digitaler Welt ass dat dach eng berechtegt Fro, oder? D’Geschicht fesselt de Lieser, en hannerfreet seng Doten a säin Ëmgang mat der eegener Zäit. Notzt en se richteg a bewosst?
Och wa Momo e Klassiker ass, d’Buch passt einfach perfekt!
Och de Bastian mécht mech glécklech, eng Rees a Phantásien ass allkéiers eng Aventure. Hien ass e grousse Fan vun där Welt, a bemol stécht e matzen dran. D’këndlech Kaiserin ass krank an eng donkel Muecht bedreet déi fantastesch Welt. Hänkt dat alles zesummen? Kann de Bastian mat der Hëllef vum Atréju an dem Glécksdraach Fuchur d’Feeler korrigéieren? A fënnt hien de Wee erëm heem? D’Buch ass u Kreativitéit net z’iwwertreffen, et ass eng Libeserklärung un d’Fantasie!
© Jessica Mersch / Bichergeck
Och dëst Buch huet eng Moral: Pass op wéi eng Konsequenzen deng Handlungen hunn! Net alles ass richteg och wann et esou schéngt. D’Geschicht ass besonnesch, wann een se als Erwuessene liest, fënnt een nach allerlee Schätz tëscht den Zeilen. Ob Jonk oder Al, eng Rees dohinner lount sech!
D’Jane a säi Brudder Michael kënnen hiren Aen net trauen, déi nei Nanny ass tatsächlech vum Himmel erofkomm. Mat engem Prabbeli! Si ass streng, ma déi magesch Fäegkeete gläichen dat erëm aus. Fir d’Kanner ännert sech sou munches, sinn si drop gefaasst? Et ass chaotesch, et gi vill Welten a Märercher z’entdecken! Gëtt d’Famill waarm mat der Nanny? Also ech hunn d’Mary Poppins an d’Häerz geschloss.
© Jessica Mersch / Bichergeck
D’Geschicht ass fantasievoll a geckeg. Faszinant. Mam Mary entfléien ech dem Alldag gären, zemools mir Erwuessener däerfen net vergiessen ewéi wichteg Magie ass. Se verännert alles – a mir droen se all am Häerz, jiddereen op seng Manéier. Esou gesi mir d’Welt mat aneren Aen.
D’Autorin huet eis hei eng Geschicht geschenkt, déi Generatiounen iwwerdauert. Super Buch, en Dram! De Kappkino ass esou gutt, dass een d’Verfilmung net onbedéngt brauch.
Wat huet Iech da besser gefall?
Opmaacherbild: © Janko Ferlič / unsplash