Search

You may also like

Pech, wann däi Gefier mat Diesel rullt (Kommentar)
International Neiegkeeten Stories

Pech, wann däi Gefier mat Diesel rullt (Kommentar)

Zu Paräis huet de Präis un der Pompel fir den

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Zanter der Leschter Woch brauchen d‘Entreprise keng Autorisatioun méi, fir

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
International Neiegkeeten Stories

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den

Op der Flucht virum Feier

D‘Bësch- an d‘Buschbränn a Griicheland wéi an der Tierkei erzwéngen „Kooperatioun“

Op der Flucht virum Feier

Wien zur Stonn versicht a Griicheland oder der Tierkei seng Vakanz ze genéissen, dierft sech je no Standuert virkomme wéi am Virzëmmer vun der Hell. Extrem Hëtzt, de staarke Wand an iwwer 90 Bränn eleng a Griicheland…

Temperaturen déi wäit iwwer 40 °C geleeë sinn a Wandstéiss mat Orkanstäerkt, wéi soll een do de Bränn eppes entgéint setzen? Den Himmel iwwer Athen ass eng eenzeg riseg Dampwollek, déi vun de Feier an den Athener Aussebezierker wüten. Eng Rei Faubourgen hu missen evakuéiert ginn, d‘Gemeng Marathon dreet vun de Flame geschléckt ze ginn, Autobunne sinn net méi passéierbar.

Wéi et säitens den Autoritéiten um Freideg gemellt gouf, ass et gëschter de ganzen Dag iwwer emol drëms gaangen ze verhënneren, datt sech d‘Feier weider ausbreet. Wéinst héije Wandspëtzte wier et zur Stonn onméiglech d‘Bränn ënner Kontroll ze kréien. Och op der Insel Euboea, net wäit vun der griichescher Haaptstad ewech, gesäit et schlecht aus. Hei hunn d‘Kiercheklacke Alarm geschloen…

Feier

Déi couragéiert ënnert de Awunner hu versicht mat Ketteseeën an Traktere Schneisen ze schloen, fir d‘Flamen opzehalen, de Recht huet sech mat Booter a Sécherheet bruecht. Laut der Küstewaach si 6.000 Mënsche per Schëff evakuéiert ginn. Honnerten Haiser si vun de Feier zerstéiert, Bëscher an Akerbaufläche goufe reegelrecht ageäschert. D‘Autoritéite confirméiere mindestens 18 Verletzter.

Vum Gesondheetsminister Wassilis Kikilias kënnt den Appell sech virun de Fäipartikel ze schützen. Vill Leit hätten sech an de Spideeler mat erhieflecher Otemnout gewisen. D‘Wäerter sinn deraart héich datt ee soll dobanne bleiwen, Fënsteren an Diere sinn zouzehalen. Bis déi aner Woch ass et verbueden an de Bësch ze goen, Aarbechte bei deenen d‘Fonke fléien sinn ze ënnerloossen.

Esou och an der Tierkei…

Den eppes onmanéierlechen osmaneschen Noper, deen nach bis kierzlech éischter op Sträit mat de Griichen aus war, ass zanter elo zéng Deeg am Wiergegrëff vun de Feier. De Sultan, dee wuel vill Geld fir d‘Oprëschtung bereet gehalen huet, huet seng Frënn a Feinde missen ëm Hëllef froe well d‘Tierkei huet keng Läschfliger an d‘Pompjeeë sinn éischter mëttelméisseg ausstafféiert ginn.

Feier

Offiziell wieren nach 13 Bränn ausser Rand a Band. Am schlëmmste betraff sinn déi allsäits bei den europäeschen a russeschen Touriste beléifte Vakanzendestinatiounen: Antalya, Bodrum a Marmaris betraff. Hei geléngt et den Asazkräften net d‘Feier ënner Kontroll ze bréngen. D‘Autoritéiten hunn annoncéiert, datt mat den Touristen, zéngdausend Mënschen aus der Geforenzon evakuéiert goufen.

Datt de Sultan sengem Vollek weder Läschfliger nach enger esou Geforen ugepassten Ausrëschtung bereet stellt – well dat wuel net zu de Prioritéite gehéiert – stéisst villen Tierken iwwel op. Dee wou hinnen d‘Tierkei als eng Weltmuecht virgegaukelt huet, wou sech als auserwielte Leader vun der arabescher Welt gesäit… jo genee deen, huet op der falscher Plaz gespuert a kritt et elo ze spieren.

Feier

Fir d‘Oppositioun eng gutt Geleeënheet mat Zuelen dem Recep Tayyip Erdogan d‘Liewen nach eppes méi komplizéiert ze maachen. Esou gouf elo ëffentlech gemaach, datt vun den eigentlech zur Bekämpfung vu Bëschbränn agesaten 20 Milliounen Euro, grad emol eng 400.000 Euro tatsächlech verwennt goufen. De Sultan hält dergéint, a weist all Schold vu sech, déi hätten anerer ze droen.

Esou beispillsweis déi heemesch Loftfaartvereenegung, déi dat wat et an der Tierkei muss als Läschfliger-Flott ginn hunn, soll vernoléissegt hunn. „Trotz grousszügege Finanzmëttel hunn déi verantwortlech dës Fliger net wéi et sech gehéiert ënnerhalen, a wäerten sech musse fir hir Noléissegkeet veräntwerten“, heescht et aus Ankara. Gutt dat d‘Griichen net nodroend sinn…

mat indymedia/tlv/ath

Opmaachergrafik: NASA – Fire Information for Resource Management System (FIRMS)

Related topics Bëschbränn, Buschbränn, Feier, Flucht, Griicheland, Kooperatioun, Tierkei
Next post Previous post