Search

You may also like

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung
International Neiegkeeten

An Therapie: Kierperbemolung amplaz Selbstverletzung

D’Problemer vun der psychescher Gesondheet si mëttlerweil esou aktuell, wéi

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Top 5 skurrilst Petitiounen zu Lëtzebuerg

Eise Petitiounssystem huet scho fir flott Diskussioune gesuergt. Och wann

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of
International Neiegkeeten

EU-Kommissioun schéisst AstraZeneca of

Um Europadag, deen onbemierkt zu Stroossbuerg gefeiert gouf, huet de

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager verlooss, dat wéinst gemellte Fäll vu Coronavirus ënner Quarantaine gestallt gi war. An dësem fir 2.800 Mënschen ausgeluechte Lager op der griichescher Insel Lesbos (Ägäis) befannen sech jee no Source, bis zu 20.000 Mënschen, an elo schéngt de Knuet geplatzt ze sinn.

An der Nuecht zum Mëttwoch sinn am Flüchtlingslager op Lesbos, wéi och an den onmëttelbaren Alentouren, Bränn ausgebrach. Éischten Informatiounen no, sollen och Wunncontainer a Brand gerode sinn, firwat d‘Autoritéiten sech derzou entschloss hunn d‘Lager ze evakuéieren. Zur Stonn ass net gewosst op Affer oder Verletzter ze bekloe sinn. De Staatssender ERT informéiert, datt déi staark Loft – mat Wandspëtzte vu bis zu 60 Km/h – d‘Feier ëmmer weider verbreet.

LesbosDéi op der Plaz aktiv Hëllefsorganisatiounen a fräiwëlleg Mataarbechter vun den ONGen hunn an de sozialen Netzwierker beriicht, datt d‘Fluchtweeër duerch Flamen an immens Dampentwécklung deels vollstänneg ofgeschnidde sinn. Déi griichesch Autoritéite behaapten datt d‘Flüchtlingen hiert Lager a Brand gestach hätten an d‘Pompjeeë beim Asaz géife behënneren. Aner Quelle weisen op d‘Awunner, déi scho länger dësem Lager mat alle Mëttel wëlle lass ginn.

Lesbos

Op der Plaz sinn och Honnertschafte vu der Police, offiziell fir „Iwwergrëff“ ze verhënneren. Den Ament sinn an de sozialen Netzwierker Videoen ze gesinn, an deene Mënschen ze gesi sinn, déi verängschtegt duerch d‘Géigend lafen, an anere Beiträg si Leit ze héieren déi am Chouer „Bye Bye Moria“ sangen. Dëst Lager, zanter Joren iwwerfëllt – de griicheschen Inneministère geet selwer vun 12.600 Flüchtlingen aus – ass dann elo och net vun der Coronavirus-Pandemie verschount bliwwen, grad esou wéi et vun den Experte virausgesot ginn ass.

Lesbos

Den éischte Fall war den 2. September festgestallt ginn, mëttlerweil hunn sech mindestens 35 Leit mam Covid19 infizéiert. Obwuel d‘Lag seriéis bis dramatesch schéngt kee gewëllt eng Léisung hei erbäiféieren ze wëllen. Athen huet der Police elo den Uerder ginn, sech laanscht d‘Strooss an d‘Stad Mytilini, dem wirtschaftlechen Zentrum vun der Insel, ze positionéieren an ze verhënneren, datt d‘Leit aus dem Lager den Hafen erreechen. An Däitschland hu sech Stied a Gemenge bereet erkläert Leit opzehuelen, mee den Inneminister Horst Seehofer huet dat ënnerbonnen.

Mat indymedia/ath/ber

Foto: D‘Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen. Dausende Fraen, Kanner a Männer sinn hei wéinst dem Covid19-Lockdown gefaangen. © Eva Cossé – Human Rights Watch (HRW)

Related topics Agäis, EU-Asylpolitik, Flüchtlingen, Friemenhaass, Griicheland, Lesbos, Moria
Next post Previous post