Search

You may also like

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?
Neiegkeeten

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?

Dat gëtt op mannst elo vum Ministère analyséiert. Et gëtt

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus
Neiegkeeten

Lëtzebuerg rifft d‘Alerte „Canicule“ aus

Wéi de Gesondheetsministère um Samschdeg matdeelt, ass et unhand de

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder
Neiegkeeten

De misogynen US-President an de faschisteschen Inder

Indien an d‘USA behaapte vu sech déi gréissten „Demokratien“ vun

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet

Nei Petitioune leien zur Ënnerschrëft bereet

Zanter ee Freideg 19. Mäerz a nach bis den 29. Abrëll si fofzéng nei Petitiounen um Internetportal vun der Chamber: www.petitiounen.lu anzegesinn:

  • Rett zuelräich Diplomabsolvente vum Schouljoer 2020/2021 (1816);
  • De Mënschen ze vereinfachen eng Locatiounswunneng ze fannen, ouni fir déi Verträg déi de Proprietär ofgeschloss huet, bezuelen ze mussen. (1818);
  • 10 Joër Gëlltegkeet fir den Pass (1820);
  • Sécherheetsagent/Surveillance virun de Schoulen, Crèchen a Maison Relais (1823);
  • Fir d’Aféierung vum bedéngungsloost Grondakommes vun 1250 EUR fir all Erwuessenen, den säin Haaptwunnsëtz hei am Land huet. (1828);
  • Géint d‘Zougestoe vu Privilegie fir géint de Covid19 geimpfte Leit, esoulaang déi ganz Bevëlkerung net d‘Méiglechkeet hat sech definitiv impfen ze loossen (1829);
  • Hierstellung an Installatioun vun enger Statue fir den Napoleon Bonaparte (1834);
  • Covid19 – Keen huet d‘Recht enger ganzer Natioun d‘Fräiheet ze huelen (1835);
  • Oppeleeë vun allen Informatiounen zu sougenannten UAP (Unidentified Aerial Phenomena) fréier „onidentifizéiert Fluchobjekter“ (UFO) genannt (1836);
  • „Mining“ vu Kryptowärungen: eng Tax op d‘Vente vum Stroum (1837);
  • D‘Buschauffere vum Privatsecteur verlaangen normal Aarbechtszäiten, esou wéi se beim TICE an dem AVL ugewannt ginn (1839);
  • Zoue Cabinne resp. Sécherheetscabinne fir d‘Fuerpersonal am Bus (1798);
  • Vervollstännegung vun der Chamber-Internetsäit déi de Petitioune gewidmet ass, mam Artikel 19 vun der universeller Mënscherechtsdeklaratioun (UNO – 1948) (1806).

Illustratioun: © Cookie the Pom / unsplash

Related topics Chamber, Petitiounen
Next post Previous post