Search

You may also like

Nuecht vun der Kultur
Kultur Neiegkeeten

Nuecht vun der Kultur

Wa laang Zäit net gewosst war op de grousse kulturellen

Bauerenzentral: „Loosst eis elo net hänken!“
Kultur Neiegkeeten

Bauerenzentral: „Loosst eis elo net hänken!“

Datt eis Baueren och an dëse schwieregen Zäiten zolidd derwidder

Transition Days Podcast: Vill kleng Schrëtter bewierke Grousses (Episod 5)
Kultur Neiegkeeten

Transition Days Podcast: Vill kleng Schrëtter bewierke Grousses (Episod 5)

Am Kader vun den Transition Days dréit dëse Mount alles

Eng virtuell Foire Agricole 2020?

Eng virtuell Foire Agricole 2020?

Duerch d’Entwécklung vun der Covid-19-Pandemie gesäit d’Stad Ettelbréck als Organisateur vun der Foire Agricole (FAE) 2020 sech verflicht, d’Editioun vun dësem Joer ofzesoen. Mat 39.000 Visiteure am vergaangene Joer ass d’FAE déi gréisst Fräilandfoire vu Lëtzebuerg.

Et hat ee gehofft, datt d’Situatioun sech weider entspaant an d’Evenement, wat eigentlech den 3. Juli 2020 geplangt war, weider stattfanne kéint. Ma, elo koum d’Ofso, an awer schafft een un enger Léisung:

No Diskussioune mat wichtege Partner aus dem Secteur préiwen déi Responsabel aktuell no Alternativen, fir esou eventuell eng multimedial oder souguer virtuell Versioun vum 29. Juni bis de 5. Juli 2020 ze organiséieren. Sollt d’Situatioun et hierginn, da kéint een doriwwer nodenken, ee kleng Fachevenement am Hierscht ze plangen.

Mat Bewosstsinn fir dës schwiereg Lag ass et den Organisateuren immens wichteg, d’Landwirtschaft mat alle vir-an nogelagerte Wirtschaftszeiwegen ze ënnerstëtzen. Iwwert weider Entwécklunge gitt Dir natierlech um Lafenden gehalen.

De Schäfferot vun Ettelbréck hofft awer, all interesséiert Persounen bei der Foire Agricole vum 2. bis 4. Juli 2021 nees begréissen ze dierfen

Related topics Coronavirus, Covid-19, Ettelbréck, Foire Agricole 2020, Schäfferot, Virtuellt Evenement
Next post Previous post