Search

You may also like

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
Neiegkeeten

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?
Neiegkeeten

Wéini ass een eng vulnerabel Persoun?

Moien, Jang. Moien, Marie-Gabrielle. Et freet mech, dech erëm ze

Grousst Ronndëschgespréich zu Eech
Neiegkeeten

Grousst Ronndëschgespréich zu Eech

Am Kontext vun den Europawahlen Enn Mee, organiséiert d‘ASTI (Associatioun

Foire Agricole 2021 – En hybriden Erfolleg

Foire Agricole 2021 – En hybriden Erfolleg

Mat 8.124 physesche Visiteuren zu Ettelbréck, plus 30.000 Gäscht op der digitaler Plattform huet déi ongewinnten hybrid Versioun vun der Foire Agricole 2021 e groussen Erfolleg erlieft. D’Organisateure blécken zeréck op e spannende Weekend queesch duerch d’Welt vun der Landwirtschaft.

Wärend sengen 38. Editiounen huet sech d’Foire Agricole (FAE) zum traditionellen Treffpunkt fir d’Agrarwelt entwéckelt. Déi zuelräich Presentatioune vu landwirtschaftleche Produiten a Servicer, Optrëtter vun Organisatiounen a Competitiounen loosse sech mëttlerweil net nëmmen Professioneller aus dem Secteur ongär entgoen. De familiäre Charakter iwwerzeegt a lackelt esou e breede Spektrum un interesséierte Persounen an d’Däichwisen.

Ma, dofir huet och déi ierfgroussherzoglech Famill et sech net huele gelooss, dem Prënz Charles d’Foire Agricole ze weisen an un der Erëffnung deelzehuelen. Un den dräi Deeg hunn et hinnen 8.124 Visiteuren gläichgemaach. Op der Plaz waren 170 Exposanten, déi vu Maschinnen fir de Gaart an d’Feld, bis hin zu kulinaresche Delikatesse mat lokale Produiten gewisen hunn, wat d’Agrarwelt ze bidden huet.

Foire Agricole 2021
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Gläichzäiteg hunn 30.000 Visiteuren aus 18 Länner vun der virtueller Offer profitéiert an d’Säit www.fae.lu besicht. De Weekend sinn um sougenannten FAE-TV ganzer 66 Filmer, 90 Live-Reportagen vum Site an aus landwirtschaftleche Lëtzebuerger Betriber, sou wéi 40 Interviewen aus dem Studio an der Däichhal iwwerdroe ginn.

Wie sech keen Ticket méi krope konnt, respektiv d’Zäit net hat un der Foire Agricole deelzehuelen, dee kann nach ëmmer vun der Geleeënheet Gebrauch maachen sech d’Internetsäit unzekucken.

D’Virbereedunge fir déi 39. Editioun vun der beléifter Landwirtschaftsfoire lafen elo schonn. D’Organisateuren hoffen dobäi, vum 1. bis den 3. Juli 2022 nees a gewinnter Form optrieden ze kënnen a seng Visiteuren op der Plaz begeeschteren ze dierfen.

Opmaacherbild: Foire Agricole Ettelbruck / Facebook

Related topics Däichwisen, Ettelbréck, Foire Agricole 2021, Hybrid Editioun, Ierfgroussherzog Guillaume, Landwirtschaft, Prënz Charles
Next post Previous post