Search

You may also like

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire
Business Neiegkeeten

Lëtzebuerg op der 70. Frankfurter Bicherfoire

De Kulturministère annoncéiert de Programm vun de Lëtzebuerger op der

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)
Business Neiegkeeten

Den Donald Trump als „demokratescht Virbild“ fir Hong Kong Chinesen? (Kommentar)

Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt

Regional meteorologesch Analys: enorm Hëtzt a Reendefizit vun 2018
Business Neiegkeeten

Regional meteorologesch Analys: enorm Hëtzt a Reendefizit vun 2018

D’Joer 2019 huet ugefaangen a sou kënnen déi agrarmeteorologesch Wiederdéngschter

Foire Agricole 2021: Si wiere scho bal esouwäit

Déi traditionell Landwirtschaft-Foire (FAE) fënnt dëst Joer a physescher wéi an digitaler Form statt

Foire Agricole 2021: Si wiere scho bal esouwäit

D‘Stad Ettelbréck zesumme mat den Organisateuren ass frou ukënnegen ze kënnen, datt si gréng Luucht säitens der Gesondheetsdirektioun kritt hunn, fir d‘FAE no de „Covid19-Check“ Reegelen duerchzeféieren.

Elo bedeit dat, datt sech maximal 2.000 Leit gläichzäiteg um Gelänn vun der Foire ophalen dierfen. Fir keng laang Waardeschlaangen ze hunn, gouf ee Reservéierungssystem fir d‘Entréesbilljeeën a Plaz gesat. Dat heescht de Visiteur ka säin Ticket nëmmen an exklusiv iwwert de Site vun der Foire: www.fae.lu kafen. Och déi vun den Aussteller verdeelte Clientskaarte mussen am Virfeld validéiert ginn. Hei heescht et sech fir ee Besuch Moies oder Nomëttes entscheeden, wann et nach Plaz huet.

De Präis vun der Entrée bedréit 8 Euro fir eng erwuesse Persoun; kënnt dës mat der Famill inklusiv de Butzen, kascht et fir den Erwuessenen nëmmen nach 6 Euro. Op der Plaz selwer kann ee keen Ticket kafen. Den Zougang gëtt, wéi scho gesot kontrolléiert, a wierklech jiddereen deen op d‘FAE kënnt muss de Covid19-Check passéieren. Et ass dat mat de renomméierten 3 „G“: Geimpft, Getest oder Genesen. An den Entréeën 1 an 2 kann een awer och ee sougenannte Selbsttest maachen.

Selbstverständlech ass d‘FAE och fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech. Et gëtt awer drop higewisen, datt et jee no Wiederlag op de Wise ka rutscheg sinn. D‘Organisateure géifen sech freeën, wann d‘Leit déi gutt Offer vum ëffentlechen Transport (ass nach ëmmer gratis) notze kéinten. D‘Gar vun Ettelbréck ass grad emol 800 Meter vun den Däichhalen ewech, dat soll eng fir déi meescht ënnert eis iwwerwannbar Streck sinn. Mee jo et huet och Parkingen (www.fae.lu).

Et dierf ee mat sengem Hausdéier kommen, mee et ass ee gebuede Récksiicht op déi aner ze huelen. Dëst Joer sinn net manner wéi 170 Aussteller op der Foire present. De Mouvement „Fair Mëllech“ feiert dëst Joer säin 10. Gebuertsdag, den Déierenzuuchtverband CONVIS, wéi och verschidde Päerdszuuchtsveräiner, si mat vun der Partie. D‘Klengdéierenziichter an d‘Schoofsziichter elo awer net vergiessen. D‘Old School Farmers hu sech dem technesche „Beräich“ ugeholl an hunn do eppes.

Alternativ zum physesche Besuch besteet nach d‘Méiglechkeet déi ganz Foire online ze verfollegen an et gëtt och hei villes gebueden. Vun 10 bis 16 Auer Live an alle gängege soziale Medien, op FAE TV, wéi och aneren Déngschtleeschter aus dem In- an Ausland. D‘Landjugend an d‘Jongbaueren hu selbstverständlech nees hir „Barbeque-Box“, fir déi méi gurmangseg ënnert eis, an der Offer. Zesumme mam Schäfferot vun Ettelbréck an den Organisateuren, wënsche mir iech eng flott FAE.

Illustratioun: © Sean Stratton / unsplash

Related topics Däichhal, Ettelbréck, FAE, Foire Agricole 2021, Landwirtschaft
Next post Previous post