Search

You may also like

Eng Autonom Navett fir d‘Uelzechtstrooss
Neiegkeeten

Eng Autonom Navett fir d‘Uelzechtstrooss

Zanter enger Rei Deeg hunn déi Escher Leit a d‘Gäscht

Péiteng: Um rietsen A blann?
Neiegkeeten

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten

Ungarn: Rechtsstaat oder Führerdemokratie?
Neiegkeeten

Ungarn: Rechtsstaat oder Führerdemokratie?

Ganzer eelef Joer ass dem EPP-Fraktiounsleader, Manfred Weber, säin ideologesche

D’Foire Agricole zu Ettelbréck fënnt statt!

D’Foire Agricole zu Ettelbréck fënnt statt!

Vum 2. bis de 4. Juli fënnt d’Foire Agricole zu Ettelbréck statt. Fir déi physesch Foire gëllen déi sanitär Bestëmmunge vum “CovidCheck”, dat heescht de Visiteur muss entweder geimpft, geheelt oder getest sinn. Et gi Schnelltester op der Plaz ugebueden.

Fir de Gesondheetsrisiko ze miniméiere fënnt e groussen Deel vun der Foire ënnert fräiem Himmel statt, selbstverständlech muss och den néidege Sécherheetsofstand agehale ginn. Et hunn sech 160 Aussteller an den Däichwiesen ugemellt, déi sech drop freeën hier Clienten ze empfaangen sou wéi de Visiteuren hier Produkter virzestellen.

Den Déierenzuuchtverband CONVIS, sou wéi verschidde Päerdszuuchtveräiner (Ardenner, LZKPS, Western) stellen hir Rasse vir, hale Competitiounen of a presentéieren ënnerschiddlech Spektakel.

Klengdéieren- a Schofsziichter wäerten hier Déieren an der Däichhal weisen. Technikbegeeschtert kréie vun den „Old School Farmers“ en villfältege Programm ugebueden an am Beräich “Sou schmaacht Lëtzebuerg” gëtt et eppes tëscht d’Zänn – et kënne vill regional (Bio)-Produkter geschmaacht a kaf ginn.

Genial: Bei der Landjugend a Jongbauere kann een eng Barbecue-Box bestellen, déi aus allerlee Leckereie besteet. A “Fair Mëllech“ feiert an dësem Joer seng 10 Joer, nieft enger Ausstellung vu senge Produkter, fënnt Freides nach eng international Konferenz statt.

D’Foire Agricole Ettelbréck ass och digital. Dëst erméiglecht de Besicher d’Aussteller gemittlech vun doheem aus oder ënnerwee ze besichen. Dees Weidere suergt en Animatiounsprogramm vu Freides bis Sonndes vun 10 bis 16 Auer fir Ofwiesslung, de Programm gëtt live op FAE TV, Post TV an op RTL gesent. E besteet ënnert anerem aus Videoen, Interviewen a Reportagen aus dem landwirtschaftleche Beräich.

D’Entréestickete fannt den Interesséierten online op www.fae.lu – hei muss een sech nach fir en Zäitfënster entscheeden. De Site hält och nach ee sëllege weider Informatioune parat. Ab dem 20. Juni, soll alles Wëssenswäertes op dëser Plattform bereetgestallt sinn.

Illustratioun: © Stijn te Strake / unsplash

Related topics Animatioun, Ettelbréck, Foire Agricole, Physesch, Virtuell
Next post Previous post