Search

You may also like

surprise
Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?
Neiegkeeten

Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?

Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International
Neiegkeeten

Erneierung vum Kollektivvertrag mat John Zink International

Um 28. Mee 2020 hunn den LCGB an den OGBL

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger
Neiegkeeten

De franséische President stäipt sech géint eng Zensur vun der Press duerch pro-Erdogan Unhänger

Um Méindegowend huet sech den Emmanuel Macron zu enger Campagne

Fondation Cancer: Ënnerstëtzung fir Patienten wärend der Pandemie

Fondation Cancer: Ënnerstëtzung fir Patienten wärend der Pandemie

Fir de Kriibspatienten, déi zur Zäit vum Covid-19 besonnesch zu de vulnerabele Persoune gehéieren, weiderhin déi noutwenneg an optimal Ënnerstëtzung ze bidden, huet d’Fondation Cancer verschidde Precautioune getraff.

  • Psychologesch Berodung iwwer Telefon: D’Psychoonkologen vun der Fondation Cancer ënnerstëtzten esou all Patienten, déi Hëllef sichen. Déi verschidden Telefonsnummere fannt Dir HEI.
  • Finanziell Hëllef a praktesch Berodung elo och iwwer Telefon: Wat de Sozialdéngscht ugeet, äntweren Infirmièren an Infirmieren vun der Fondation Cancer esou op all Ufroen no finanzieller Ënnerstëtzung oder praktescher Berodung. All Informatiounen dozou fannt Dir am Beräich Finanziell Hëllef an Äntwerten op konkret Froen.
  • Oft gestallt Froen an déi passend Äntwerten: Kriibspatienten hunn vill Froen zur Gesondheet a behandlung. Eng Lëscht vun den meescht gestallte Froen, an déi dozou passend Äntwerte fannt Dir HEI.

Fondation Cancer – Fir iech, mat iech, dank iech

D’Fondation Cancer ass 1994 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn a wierkt schonn zënter 25 Joer am Beräich vum Kampf géint de Kriibs. Nieft Informatiounen zur Preventioun, der Fréierkennung an dem Liewe mat Kriibs ass et hir Missioun de Patienten, hirer Famill an de Frënn ze hëllefen.

D’Finanzéierung vu Projeten an der Recherche ass ee weidere Volet, deen d’Fondation Cancer zu sengen Aufgaben zielt. Si selwer organiséieren all Joer de Relais pour la Vie. Wann och Dir d’Fondatioun ënnerstëtze wëllt, da kuckt emol ënnert www.cancer.lu laanscht oder maacht een Don op den CCPL IBAN LU92 1111 0002 8288 0000.

Opmaacherfoto: © Miryam León / Unsplash

Related topics Äntwerten, Behandlung, Berodung, Coronavirus, Covid-19, finanziell Hëllef, Fondation Cancer, Froen, Kriibspatienten
Next post Previous post