Logement: Et gëtt genuch Terrainen, mee se sinn ze deier!
Wann ee bedenkt datt sech de Präis fir e Bauterrain
Wann ee bedenkt datt sech de Präis fir e Bauterrain
Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam
D’Musek ass eng universell Sprooch, iwwert déi d’Fondation EME ee bessert Zesummeliewen bidde wëll. Net nëmme kënnen déif Emotiounen ausgedréckt, mee och Grenzen iwwerschratt an Aschränkungen iwwerwonne ginn. Dat bannescht Wuelbefanne gëtt gesteigert, d’Selbstbewosstsinn klëmmt an och d’Hoffnung hëlt zou.
Concert vun Annemie Osbourne © Fondation EME
Schonn zënter 2009 notzt d’Fondation EME Musek fir esou sensibel Persounen ze erreechen an ze animéieren. Fir d’Ekipp ass et och elo an der Coronakris ee wichteg Uleies, jiddwerengem den Accès op Musek ze erméiglechen. Besonnesch eeler a vulnerabel Persoune sinn Doheem agespaart an isoléiert, freeën sech doduerch ëmsou méi iwwert musikalesch Oflenkung.
Säit den Appell fir d’Concerten géint d’Eleng-Sinn erausgaangen ass, konnten eng 30 Concerten gesammelt ginn, dorënner och d’Crauy Quarantine Sessions vum Pol Belardi, oder och Wierker vum Sabine Weyer, Léna, Hannah Ida a Louise Kollmeier. Vu Klassik iwwer Jazz, Elektro a Singer/Songwriter si fir all Altersgrupp verschidde Stiler vertrueden.
Erfreeë kënne sech isoléiert Persounen duerch d’Iwwerdroung vun de Concerten iwwert Fernseh. Fir nach méi Leit ze erreechen kann d’Lëtzebuerger Populatioun zudeem all Méindeg, Mëttwoch a Freideg um 15 Auer vun de räichhaltege musikalesche Momenter op Apart TV profitéieren.
Dobäi koumen elo och zwou nei Kollaboratiounen: Esch TV bitt all Dënschdeg, Donneschdeg a Freideg um 17:15 Auer ee spezielle Programm u Concerten, wärend de Radio 100,7 eng nei Emissioun fir Persounen ab 65 Joer lancéiert huet.
Concert vum Susana Magalhaes a Pedro Bray © Fondation EME
Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME, fir Mënschen een Zougang zur Musek ze erméiglechen, déi vum kulturelle Liewen ausgeschloss ginn. Dës sozial Initiativ mat heelendem Charakter ënnerstëtzt een interaktiivt Musek-Erliefnis a bréngt divers Gruppen zesummen, fir un de räichhaltegen Offeren deelzehuelen. Am vergaangene Joer huet d’Fondatioun mat Häerz säin 10. Gebuertsdag grouss dirfe feieren.
Opmaacherbild: Concert vum Pol Belardi a Sven Sauber © Fondation EME