Search

You may also like

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht
Kultur Neiegkeeten

Policebericht: Eng ustrengend Silvesternuecht

Fir eis Poliziste war de Reveillon zu Silvester eng Nuecht

geek
Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie
Kultur Neiegkeeten

Aktualitéitsstonn an der Chamber: Baustoff-Penurie

Zanter Mëtt-Abrëll ass d‘Handwierkerkummer alarméiert, wéinst der Penurie béi de

Fondation EME: Mäin Liewen, Mäin Danz

Fir d’Fondation EME hätt d’Joer 2019 net besser kennen ausgoen. Um vergaangene Freideg a Samschdeg hu sech nämlech eng Drësseg Persounen tëscht 8 an 98 Joer an der Philharmonie zesumme fonnt, fir hir Ausschnëtter aus hirem Liewen, Geschichte voller Gléck an awer och Momenter voller Leed an der Gemeinschaft duerch d’Musek ze deelen.

Ënnerstrach gouf dat Ganzt duerch eng beréierend Inzenéierung vum Sylvia Camarda. D’Kombinatioun aus Erzielen a fléissende Beweegungen huet dofir gesuergt, dass all Participant ee gemeinsame Leetsproch gedeelt huet: Egal wat geschitt, d’Liewen ass schéin a wäertvoll.

Vu September bis Dezember hunn d’Generatiounen, déi deelweis souguer 80 Joer ausernee leien, vun engem Ensembel aus Danzatelieren profitéiert. Ënnert der Leedung vun der bekannter Dänzerin Sylvia Camarda, sou wéi dem Claudine a Pascale Menghi, béid Spezialisten am Sëtzdanz, sinn zuelräich Binomer entstanen.

Dat Erlieften, d’Perceptioun vun der Welt an dem Liewe vun all Persoun sinn an der Choreographie berécksiichtegt ginn, wouduerch de Spektakel um Enn verschidde Siichtweisen, Dreem, d’Vergaangenheet an d’Zukunftswënsch duergestallt huet. Dobäi goufe souwuel d’Attenten an d’Uspréch vun de Senioren aus dem St Jean an dem St Joseph, wéi och vun de Jonken eescht geholl an esou de Lien tëscht de Generatioune gestäerkt.

Musikalesch begleet gouf d’Performance vum Pianist Cosy Turmes an dem Produzent Céhashi, dee verschidde Beats op Basis vun den Erzielungen entwéckelt huet.

An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi al gëtt fillt sech d’Fondation EME verflicht fir mat der Musek d’Grenze vun aller Natur verschwannen ze loossen. Heizou gehéieren och d’Spannungen tëscht Jonk an Al, déi oft op géigesäitege Viruerteeler baséieren. Als Stil- an Ausdrocksmëttel fërdert d’Musek den Austausch vun de Kulture a Generatiounen, a spillt soumat eng leedend Roll fir ee bessert Zesummeliewen.

Zur Fondation EME

D’Fondation EME ass 2009 duerch eng Initiative vun der Philharmonie entstanen. Déi onofhängeg Struktur lieft duerch Donen an entwéckelt innovativ Projeten déi dat Soziaalt an dat Musikalescht vereenegen. Zesumme mat sengen 160 Partner organiséiert d’Fondation EME ronn 600 Evenementer pro Joer, vun deenen iwwer 15.000 Persoune profitéieren. An dësem Joer gouf dann och den 10. Gebuertsdag grouss gefeiert.

Related topics Binome, Claudine Menghi, Danz, Danzatelier, Fondation EME, Mäin Danz, Mäin Liewen, Musék, Pascale Menghi, Philharmonie, Sëtzdanz, Sylvia Camarda
Next post Previous post