Search

You may also like

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China
Neiegkeeten

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien
Neiegkeeten

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien

An der Geschicht gëtt et wuel näischt méi Spannendes, wéi

surprise
Geldautomat zu Wëntger gesprengt
Neiegkeeten

Geldautomat zu Wëntger gesprengt

Am zesummenhang mat der Sprengung vun engem Geldautomat un der

Abusen an der Fondatioun an den Ateliere Kräizbierg

D‘Faiten si bekannt an dokumentéiert: wourop waarden d‘Verwaltungsréit fir ze agéieren?

Abusen an der Fondatioun an den Ateliere Kräizbierg

De Syndikat Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter vum OGBL huet Notiz vun der Positioun vu béide juristeschen Entitéite vum Kräizbierg geholl, déi no der gemeinsamer Sëtzung vun de respektive Verwaltungsréit um 24. September, zum Ausdrock bruecht ginn ass.

Den OGBL bedauert d‘Sturazegkeet vun de Verwaltungsréit, onbedéngt en externen Audit asetzen ze wëllen, fir déi desastréis Situatioun bannent de Kräizbierg-Strukturen evaluéieren ze loossen. D‘Faiten déi vun de Personaldelegatiounen denoncéiert ginn, wieren zanter Méint bekannt an och ausräichend dokumentéiert. Dat gëtt esou och vu Membere vum Verwaltungsrot net a Fro gestallt. Esou ass et net méi un der Zäit fir Analysen, mee fir Aktioun a pragmatesch Entscheedungen.

Fir den OGBL ass den aktuelle Beholl schlicht onverantwortlech, well esou wéi et sech presentéiert, ginn d‘Leit mat spezifesche Besoinen déi um Kräizbierg betreit ginn, all Dag eppes méi a Gefor bruecht. Hei muss drun erënnert ginn, datt eng gréisser Zuel vun erfuerenen a kompetente Salariéeë schonn d‘Handduch geworf an sech en anere Patron gesicht hunn. Dat huet natierlech ee zolitten Impakt op de Fonctionnement vun de Strukturen an esou och op d‘Sécherheet vun de Mënschen déi do betreit ginn.

Et vergeet dann och keen Dag, ouni datt d‘Personaldelegatiounen an den OGBL vun neie Leit kontaktéiert ginn an d‘Lëschte mat den Temoignagen zu den Zoustänn ginn ëmmer méi laang. Am Fokus hei ëmmer nees d‘Direktioun. D‘Affer, déi laang de Mond gehalen hunn, sinn elo zu Dacks déi de Courage fonnt hunn, sech auszedrécken. D‘Eltere vun de Kanner déi an de Kräizbierg-Strukture betreit ginn, fänke mëttlerweil och un sech Suergen ëm d‘Wuelbefannen an d‘Sécherheet ze maachen.

Domadder wier erwisen, datt d‘Vertrauen an d‘Direktioun gebrach ass. Ob et d‘Personal ass, déi Mënschen déi betreit ginn oder hir Elteren, jidderee freet sech wéi eng Ziler d‘Verwaltungsréit tatsächlech verfollegen? Wann op Zäit gespillt gëtt, statt aktiv ze ginn, stellt sech onweigerlech d‘Fro, ob de Schutz vun de Mënsche mat spezifesche Besoinen, déi an dëse Strukturen encadréiert ginn, nach déi eigentlech Prioritéit ass?

Geséchert ass allerdéngs elo och, datt déi betraffe Persoune méi determinéiert si wéi jee, an och duerchaus gewëllt sinn de Mouvement oprecht ze erhalen an hire Kampf géint déi repressiv Mesure vun der Direktioun wëller verstäerken. Et geet hei ëm net manner, wéi de Fait, datt d‘Betreiung vu Mënsche mat spezifesche Besoinen nees seng zentral Roll um Kräizbierg muss hunn. An bei dësem Kampf kënnen sech déi betraffen op den OGBL verloossen.

Matgedeelt vum Syndikat Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter vum OGBL, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Oladimeji Odunsi / unsplash

Related topics Ateliere Kräizbierg, Fondatioun Kräizbierg, Grondrechter, OGBL, OGBL Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen
Next post Previous post