Search

You may also like

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

money
De grénge Punkt vum Lëtzebuerger Finanzminister
Neiegkeeten

De grénge Punkt vum Lëtzebuerger Finanzminister

Portugal huet d‘EU-Presidence, an esou huet de klengen informelle Sommet

Eltereschoul Dobaussen!
Neiegkeeten

Eltereschoul Dobaussen!

D‘Erzéiung vun de Kanner ass eng echt Erausfuerderung! Am grousse

Fondatioun August Van Werveke-Hanno: Dräi Studente gi fir hir Leeschtunge belount

Fondatioun August Van Werveke-Hanno: Dräi Studente gi fir hir Leeschtunge belount

D’Fondatioun August Van Werveke-Hanno ënnerstëtzt wärend dem akademesche Joer 2020/2021 mat senger Bourse zwee Konschtstudenten an eng Architekturstudentin. Um vergaangene Freideg gouf, a Presenz vum Héichschoulminister Claude Meisch, eng kleng Zeremonie ofgehalen.

D’Catherine Arend ass aktuell mat sengem Master an der Architektur beschäftegt, wärend d’Georgina Henry säi Bachelor an der Grafik an d’Rachel Hoffmann säi Master am Design mécht. Si kruten d’Bourse an Héicht vu jeeweils 5.000 € fir hir super Leeschtungen iwwerreecht.

Als Erënnerung vun den Auguste Van Werveke-Hanno, Zeecheprof vun der staatlecher Handwierkerschoul, ass 2002 d’Fondatioun an d’Liewe geruff ginn. Mat hirer Hëllef erhalen Architektur- a Konschtstudenten, déi op mannst an hirem zweete Studiejoer sinn, eng finanziell Ënnerstëtzung.

Fir d’Selektioun gëtt sech op hir Dossieren an Leeschtungen, sou wéi de Fortschrëtt am Studium an de Succès an zousätzleche Projeten aus dësem Beräich bezunn. Zënter 2003 krute 60 Studenten am Ganzen 254.000 € zur Verfügung gestallt.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Catherine Arend, Architekturstudentin; Claude Meisch, Héichschoul- a Fuerschungsminister; Rachel Hoffmann, Designstudentin © MESR

Related topics Architektur, Bourse, Catherine Arend, Claude Meisch, Finanziell Ënnerstëtzung, Fondatioun August Van Werveke-Hanno, Georgina Henry, Konscht, Rachel Hoffmann
Next post Previous post