Search

You may also like

De Wollef wot den Danz am Pandabier
Neiegkeeten

De Wollef wot den Danz am Pandabier

Kaum ee Mënsch op der Welt dierft wësse wien den

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“
Neiegkeeten

Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg: „Maach net de Geck, sief de Geck“

Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären
Neiegkeeten

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

De Schlecky Silberstein huet seng steil These gären, dat muss

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den Dr. Carlo Bock, President vun der Fondatioun Cancer, an d’Direktesch Lucienne Thommes de Fuerscher Dr. Guy Berchem an Dr. Bassam Janji vum Luxembourg Institute of Health (LIH) ee Scheck vun iwwer 62.000 € iwwerreecht. Ziel vum Projet ass et, eng Strategie vun der kombinatorescher Immuntherapie géint aggressive, metastaséierte Broschtkriibs ze erfuerschen.

Wisou kënnen eis Immunzellen déi béisaarteg Tumorzellen am Kierper net effizient zerstéieren?

Eis Immunzellen si mat sougenannten immunitäre Kontrollpunkten – op Englesch „immune checkpoints“ equipéiert. Doduerch kënnen eis Immunzelle Matdeelunge kréien a je no Situatioun aktivéiert oder desaktivéiert ginn.

Dëse Sécherungsmechanismus vun eisem Immunsystem, den beispillsweis dofir suerge soll, datt eis eegen Immunzelle keng gesond Zellen ugräife sollen, huet awer och seng Lächer, déi Tumorzellen ëmgoe kënnen an esou der Immuniwwerwaachung entkommen.

Fir d’Immunzellen ze desaktivéieren entwéckelen d’Tumorzellen op hirer Uewerfläch Schutzschëlter, och „Ligands“ genannt. Si hunn d’Fäegkeet sech mat de Kontrollpunkte vum Immunsystem ze verbannen an schlussendlech d’Opmierksamkeet vun den Immunzellen aus ze schalten an hir Fäegkeet, Tumorzellen ze eliminéieren, ze hemmen.

Wéi fonctionnéiert déi nei Immuntherapie?

D’Immuntherapie, déi viru kuerzem mam Nobelpräis fir Medezin a Physiologie 2018 ausgezeechent ginn ass, versicht déi geféierlech Verbannung ze verhënneren, andeems se monoklonal Antikierper an de Kierper vum Patient aféiert. Des Antikierper kënnen sech entweder un der Uewerfläch vun den Kontrollpunkte festsetzen, oder un de Ligands, déi sech op der Uewerfläch vun der Tumorzell befannen.

Dës Antikierper wierke wéi ee Stopp, den déi geféierlech Verbannung tëscht den Immunkontrollpunkten an de Rezeptore verhënnert. Ob dës Aart a Weis gëtt d’Hemmung vun den Immunzelle bei der Zerstéierung vun der Tumorzell opgehuewen.

Spektakulär Resultater – awer leider net vill all Kriibszort

Déi éischt Resultater vun der Therapie ginn d’Hoffnung op eng signifikant Verbesserung vun der Liewensdauer vu Patienten, déi positiv op d’Behandlung reagéieren. Mëttlerweil ass d’Therapie an 30 % vun de Fäll effektiv.

Etüde beweisen, datt d’Wierksamkeet jee no Aart vum Tumor wiesselt. Konkret Resultater duerch d’Immuntherapie konnte scho bei Hautkriibs (Melanom), bei net-klengzellegem Longekriibs, bei Hodgkin-Lymphom, sou wéi bei Blosen-, Nieren-, Gehir- an Halskriibs festgestallt ginn.

Beim Broschtkriibs ass d’Resultat leider net esou zefriddestellend. Hei läit d’Wierksamkeet bei just 19 %. De Gros vun dëse Kriibszorte bléift dofir fir des Therapie onempfänglech. Ursaache fir des Resistenz si wahrscheinlech d’Weiderentwécklung vun de Fluchstrategië vun den Tumorzellen.

Weider Informatiounen zur Fondatioun Cancer fannt dir HEI.

Related topics Fondation Cancer, Fuerschung, Immuntherapie, Kriibs, LIH
Next post Previous post