Search

You may also like

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
Meenung Neiegkeeten

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

Een Trump fir ee besaten Territoire
Meenung Neiegkeeten

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus
Meenung Neiegkeeten

„The boy is back in town“ – US-President nees am Wäissen Haus

No dräi Nuechten am Walter Rees Militärspidol zu Bethesda, ass

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!

Genuch geschwat, laang gewaart, Entscheedunge musse getraff ginn

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!

De Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen, d’Departement fir behënnert Employéen vum OGBL an d’Personalvertriedung vun der Fondatioun an den Ateliers Kräizbierg SIS, hu sech eng éischt Kéier um 6. Juli 2020 mam Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg getraff. Säit dësem Dag läit dem Verwaltungsrot vun der Stëftung en Dossier vu 400 Säite vir, zu de gravéierende Mëssstänn am Ëmgang mat de Mataarbechter vun der Institutioun.

Mobbing, Ongerechtegkeeten, Ausgrenzung an en destruktive Féierungsstil si just e puer vu ville Virwërf géint déi Responsabel vum Direktiounsniveau.

Eréischt um 14. September 2020 huet de Verwaltungsrot per Pressecommuniqué matgedeelt, datt e sech fir en externen Audit entscheet huet, fir den uewe genannte Virwërf op de Fong ze goen. Eegenen Aussoen no sollt opgrond vun der Drénglechkeet vun der Situatioun bis Enn Oktober eng Léisung kommen.

Op Drock vum Personal an dem OGBL hin huet de Verwaltungsrot akzeptéiert, datt all Mataarbechter, och déi, déi hiren Déngscht an de leschte Méint scho quittéiert haten, um Audit deelhuelen konnten. Dat war tatsächlech essentiell wichteg, fir e representatiivt Resultat ze garantéieren.

De genannten Audit ass elo säit Ufank November eriwwer. Trotz widderhuelten Dreeunge säitens der Direktioun hu méi wéi 80 Employéen (Betreier a Persounen, déi betreit solle ginn) vum „Site Kräizbierg“ dorun deelgeholl.

Den OGBL kritiséiert, datt d’Säit vun den Employéen trotz Nofro bis ewell weder e Rapport, nach eng Stellungnam vun der Auswäertung vum Audit kritt huet a stellt fest, datt d’Befierchtungen vum Zäitspill vu Säite vun der Fondatioun Kräizbierg sech bestätegt. Déi negativ psychosozial Auswierkungen vun esou enger Situatioun op all Mataarbechter dierfen net ënnerschat ginn. D’Personal erwaart sech, datt den Albdram endlech en Enn huet!

Méi wéi 90 % vun de befrote Persounen, hunn hire Feedback un d’Personaldelegatioun vun den Ateliers Kräizbierg weiderginn. Deemno gesäit sech d’Personaldelegatioun am Stand, och ouni offizielle Rapport vum Audit kloer ze soen: D’Audit-Resultat presentéiert eendeiteg an ouni Zweiwel, déi katastrophal Aarbechtsbedingungen, déi elo scho säit Méint um Kräizbierg herrschen an der Direktioun virgeworf ginn.

Den OGBL fuerdert eng méi transparent Virgoensweis an der Kommunikatioun vun der Auswäertung vum Audit an dem Resultat.

Um 26. November 2020 hält de Verwaltung vum Kräizbierg eng weider Sitzung. De Message laut: „Genuch geschwat, Zäit fir Verännerung an den Neiopbau vum Kräizbierg“.

Matgedeelt vum OGBL-Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen an dem OGBL-Departement Behënnert Employéen

Opmaacherfoto © OGBL

Related topics Ateliers Kräizbierg, Audit, Ausgrenzung, Direktioun, Fondatioun Kräizbierg, Gesondheet, Mëssstänn, Mobbing, OGBL, Ongerechtegkeeten, Verwaltungsrot
Next post Previous post