Search

You may also like

money
OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“
Neiegkeeten

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

Um Dënschdeg huet de nationale Comité vum OGBL éischt Fortschrëtter

Gondel-Accident: Jorelaang gouf d‘Sécherheet manipuléiert
Neiegkeeten

Gondel-Accident: Jorelaang gouf d‘Sécherheet manipuléiert

No engem Bericht vun de Kolleege vu Panorama (ZDF), ginn

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
Neiegkeeten

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg

Mëssstänn bei der Fondatioun wéi och an den Ateliere Kräizbierg

De leschten Dënschdeg hunn sech ronn honnert Mataarbechter vum Betreiungspersonal vun der Fondatioun Kräizbierg an der Raimlechkeete vum OGBL zu Esch-Uelzecht getraff, fir déi deels erniddregend Aarbechtskonditiounen ze denoncéieren.

Scho säit ee puer Méint kënnt et ëmmer nees zu Reklamatiounen an heftege Virwërf säitens de Mataarbechter, déi op een esou schlechte wéi ontransparente Management an den onmënschleche Féierungsstil vun der Direktioun hiweisen. Esou koum et, datt d‘Personalvertrieder schonn Ufank Juni, zesumme mam OGBL-Departement „Handicapéiert Salariéeën“ an dem OGBL-Syndikat „Gesondheet a Sozialwiesen“ hir Doleance beim Verwaltungsrot vum Kräizbierg agereecht hunn.

Et ass absolutt inakzeptabel, datt de Verwaltungsrot hisiichtlech de schwéiere Virwërf de Kapp an de Sand stécht. Zuelräich Sanktiounen, unhalend Dreeungen, Personalmangel an de stännegen Drock géint Mataarbechter, mat an ouni Beanträchtegungen, féieren ëmmer nees derzou, datt laangjäreg Mataarbechter de Kräizbierg ze verloossen.

An de Wunnstrukture wéi och an den Ateliere vum Kräizbierg sinn déiselwecht Mëssstänn ze bekloen. Soziopedagogesch oder physiotherapeutesch sinn „Niewesaach“ a ginn hannen ugestallt. Wei ee roude Fuedem zitt sech en identescht Bild duerch all d‘Strukture vun der Fondatioun Kräizbierg: Mangel u Mënschlechkeet. An der tëscht hu sech Angscht an Ënnerdréckung verbreet.

Skandaléis ass och déi rezent Opfuerderung vun der Direktioun, rechtlech géint all Mataarbechter virzegoen, déi de Courage haten sech ëffentlech géint déi genannte Mëssstänn ze wieren. Hei gëtt ganz kloer d‘Matsproocherecht vum Personal a senger Vertriedung a Fro gestallt an demokratesch Grondrechter ugegraff. Esou Aussoe bestätegen d‘Kloe vun de Mataarbechter an zeechnen een däitlecht Bild vum aktuelle Féierungsstil vun der Direktioun.

Den OGBL verlaangt, datt et um Kräizbierg zu déifgräifende Verännerunge kënnt, déi déi sozial Missioun vun der Ariichtung nees an de Virdergrond stellen an déi profitorientéiert Logik vum Management an hir Grenze verweist. Et muss zu wesentleche Verbesserunge bei den Aarbechtskonditioune vum Kräizbierg kommen, fir datt d‘Ariichtung senger eigentlecher sozio-pedagogescher Aufgab vun der sozialer Inclusioun ka gerecht ginn. Nëmmen esou kann déi gewënschte Qualitéit an der Betreiung vun de Mataarbechter mat enger Behënnerung nees hiergestallt ginn.

Falls noutwenneg sinn d‘Mataarbechter entschloss weider gewerkschaftlech Aktiounen ze plangen, fir géint d‘Methode vun der Direktioun virzegoen an d‘Betreiung vun de Mënsche mat spezifesche Bedierfnesser an esou d‘Mënschlechkeet nees an de Mëttelpunkt vum Kräizbierg ze stellen.

Matgedeelt vum OGBL-Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen an dem OGBL-Departement Handicapéiert Salariéeën, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Josh Appel / unsplash

Related topics Ateliere Kräizbierg, Féierungsstil, Fondatioun Kräizbierg, Grondrechter, OGBL, OGBL Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen
Next post Previous post