Search

You may also like

Organspenden an Däitschland: Zousproch statt Widdersproch
Neiegkeeten

Organspenden an Däitschland: Zousproch statt Widdersproch

Déi sougenannt Widdersprochsléisung, wéi se vum däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!
Neiegkeeten

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Lämmy 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Fonds de Logement: d‘CSV fuerdert strukturell Rou a méi Produktivitéit

Fonds de Logement: d‘CSV fuerdert strukturell Rou a méi Produktivitéit

Gëschter huet sech d‘Chamber an enger vun der CSV ugefroten „Aktualitéitsstonn“ mat Thema Logement beschäftegt. Am Virfeld dozou, huet d‘Fraktiounscheffin Martine Hansen erkläert: „Den Thema Logement huet fir d‘CSV nach ëmmer déi absolut Prioritéit. Op eisem parlamentareschen Dag hu mir dat esou och bekräftegt. Mir bleiwen um Ball a wäerten d‘Regierung un d‘Prioritéiten am Alldag vun e Bierger erënneren“.

An déi Ausso gëllt och fir d‘Opklärung vun de Mëssstänn beim Fonds de Logement (FDL). „Hei muss strukturell Rou akéieren, fir datt nees gebaut gëtt. De Fong dierf sech net weider ëm sech selwer dréinen. De Fong muss méi erschwéngleche Wunnraum fir d‘Mënschen zu Lëtzebuerg schafen, dat ass säin Optrag“, heescht et an der Fuerderung vum Deputéierte Marc Lies.

1.500 datt 10.000 Sozialwunnengen: „Sam Tanson muss noleeën“

D‘CSV erënnert drun, datt de Premier Xavier Bettel viru fënnef Joer 10.000 Sozialwunnenge versprach hat. „Tëscht 2013 an 2018 sinn am ganzen 1.500 Sozialwunnenge vun ëffentleche Promoteuren a Gemenge gebaut ginn. Op déi aner waarde mir nach ëmmer“, iergert sech de Marc Lies, deen nach drop hiweist, datt d‘DP virun de Walen aner Logement-Zuele genannt huet wéi no de Walen. Dat wier wéineg seriéis, och wann et elo ëm d‘Zukunft geet.

Aktuell wier geplangt 600 FDL-Wunnengen iwwert en Zäitraum vu fënnef Joer ze bauen. „Dat entsprécht enger Duerchschnëttsproduktivitéit vun ongeféier 1,2 Wunnenge pro Mataarbechter/Joer. Dat geet bei wäitem net duer, déi nei Wunnengsbauministesch Sam Tanson muss hei bei der Produktivitéit vum Fonds de Logement eng Schëpp bäileeën“, esou de Constat vum Spriecher fir de Logement an der CSV-Fraktioun. Zum Vergläich: Bei der SNHBM, läit de Produktivitéitstaux bei 1,91 Mataarbechter/Joer. Tendenz steigend…

D‘CSV fuerdert d‘Ofschafe vun iwwerzunne Kontrollmechanismen

An dësem Zesummenhang widderhëlt d‘CSV hir Fuerderung no enger Iwwerwannung vun den iwwerzunne Kontrollmechanismen (Momper) säitens der Regierung. Déi wiere weder fir d‘Produktivitéit, Effizienz oder Flexibilitéit vum Fong fërderlech. „Mir fuerderen d‘Ofschafe vun dëser Hürd, esou wéi en zäitnoen Audit a Stresstest vum Fonds de Logement“, esou de Marc Lies.

Hie leet nach emol no a verlaangt: „Dës Regierung muss eng Logement-Strategie mat konkret quantifizéierten Ziler fir dës Legislaturperiod entwéckelen, déi dann och um Terrain ëmgesat gëtt“, betount den Deputéierten a léisst wëssen, datt d‘CSV an de nächste Joren d‘Logement-Politik vun der Regierung kritesch-konstruktiv begleede wäert. Et wäert een och net zécken Alternativen op den Dësch ze leeën. „Mir schaffen un entspriechende Gesetzvirschléi, well een net éiweg op dës Regierung waarde kann“, esou de Marc Lies ofschléissend.

Matgedeelt vun der CSV, aus dem däitschen iwwerdroe vum Laure Schlesser

Related topics Fonds de Logement, Logement, Marc Lies, Martine Hansen, Sam Tanson
Next post Previous post