Search

You may also like

Fënnef Wierker vum Tavernier
Neiegkeeten

Fënnef Wierker vum Tavernier

De Bertrand Tavernier ass en Donneschdeg, de 25. Mäerz 2021

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)
Neiegkeeten

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)

Datt déi kathoulesch Kierch sech zu Lëtzebuerg net muss un

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch
Neiegkeeten

Nei Covid19-Mesuren och an der Belsch

No der Sëtzung vum nationale Sécherheetsrot, huet d‘Premierministesch Sophie Wilmès

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin

Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de Regierungsrot entscheet, dem Groussherzog Henri d‘Nominatioun vum Diane Dupont als Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds de Logement, virzeleeën.

D‘Diane Dupont, gebuer 1975, ass Titulaire vun engem Diplom an Architektur. No zwee Joer am Privatsecteur, hat Si 2002 de Logementsministère integréiert, wou si zanter 2014 de Posten als éischter Regierungsconseiller besetzt.

Et schéngt dann och keng Zweiwel un der Qualifikatioun fir de Verwaltungsrot ginn. D‘Diane Dupont huet tëscht 2012 an 2014 de Verwaltungsrot vun der SNHBM (National Gesellschaft fir Präiswäert Wunnengen) geleet.

De Minister Marc Hansen ass dann och Iwwerzeegt, datt déi nei Presidentin vum Verwaltungsrot dat néidegt Gefill huet, fir déi strategesch Orientéierung vum Fonds de Logement ze leeden. Dat natierlech an enker Zesummenaarbecht mat den anere Membere vum Rot an de Mataarbechter.

De Fonds de Logement

De Fonds de Logement, geschaaft duerch d‘Gesetz vum 25. Februar 1979, ass en autonoomt ëffentlecht Etablissement, dat haut iwwer ronn 3.000 Wunnenge verfüügt, déi genotzt kënne ginn, fir sengem ambitiéise Projet gerecht ze ginn.

Seng Missioun ass et aus eegener Kraaft an Entscheedung, mee an Zesummenaarbecht mat kommunalen Autoritéiten, am Kader vun der urbaner a ländlecher Entwécklung, de Logement virun ze bréngen. 40 Joer no senger Grënnung, ware grouss Reformen néideg ginn. Mam Gesetz vum 24. Abrëll 2017, déi sinn déi och rechtlech festgeluecht ginn.

Mat der Nominatioun vum Diane Dupont, sollt dann och no der „Revocatioun“ vum fréiere President Daniel Miltgen, nees „Rou“ an de Betrib kommen. Den Daniel Miltgen, dee sech ëmmer gären als Patron gesinn hat, war vum Maggy Nagel (DP) an dem Marc Hansen (DP) béisen Uschëllegungen ausgesat ginn.

Beschëllegungen déi de fréiere President vum Fonds de Logement zréck gewisen huet. An enger medialer „Géigenoffensive“ kuerz virum Summer, huet hien dann och vu Ënnerstellunge geschwat, déi bis an de Beräich vun der Verleumdung gaange wieren. Och mat der Neier Direktioun war hien haart zu Geriicht gaangen.

mam SIP/MELOG

Foto: © SIP/MELOG

Related topics Daniel Miltgen, Diane Dupont, Fonds de Logement, Marc Hansen
Next post Previous post