Search

You may also like

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert
Neiegkeeten

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

D‘Erhéijung vun den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten, déi vir den 1.

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng
Neiegkeeten

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng

Fir vill jonk Politiker ass de Wahlkampf 2017 déi éischte

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren
Neiegkeeten

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz

Mir sinn ambitionéiert a verfollege strikt eis Moossnamen, fir déi gesetzte Klimaziler souguer nach ze iwwertreffen. D’Natur an d’Ëmwelt, sou wéi d’Zukunft vun eise Kanner ass déi iewescht Prioritéit! Sou oder sou ähnlech stellt eise léiwe Groussherzogtum sech op alle Fall ëmmer duer. D’Geld vun den Investissementsfonge geet do awer säin eegene Wee, wat en neie Rapport, deen haut vu Greenpeace Lëtzebuerg verëffentlecht ginn ass, däitlech weist.

An „The impact of the 100 largest Luxembourg investment funds on climate change“ konnte mir nees mat der Nues ganz wäit vir leien, allerdéngs op eng negativ Aart a Weis. D’Lëtzebuerger Fongenindustrie läit nämlech op der zweeter Plaz, wann et ëm de Finanzement vun der Klimakris geet.

Fongen

Fonge wéi Blackrock, Goldman Sachs an JP Morgen finanzéieren d’Zäregasemissiounen a provozéiere souguer eng global Äerderwiermung op méi wéi dat Duebelt, wéi et als Uewergrenz vum Paräisser Ofkommes festgehalen ass. D’Klimakritäre gi bei den Decisiounen zu den Investissementer net systematesch berécksiichtegt.

Do entsteet natierlech eng däitlech Diskrepanz: Op der enger Säit stellt Lëtzebuerg sech weltwäit als féierenden Zentrum fir nohalteg Finanzen duer, hält awer gläichzäiteg déi international Klimaschutzverflichtunge konsequent net an.

Fongen

Bei der neier onofhängeger Analys sinn déi 100 gréisst Investissementsfonge vu Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl ginn. Berécksiichtegt goufe beispillsweis d’Klimabilanz, d’Ausriichtung no de Klimaziler am Paräisser Ofkommes oder och d’Expositioun vis-a-vis vu finanzielle Risike bezunn op de Klima.

Am Duerchschnëtt stoussen dës 100 Fonge ganzer 10% méi Zäregasemissiounen aus, wéi gläichaarteg Firme weltwäit. Eleng am Joer 2019 ware si fir d’Finanzéierung vun 39 Milliounen Tonnen CO2 verantwortlech – dat si ganzer 4 Mol d’Emissioune vu ganz Lëtzebuerg. Am sougenannte „Carbon Risk Rating“ , wou 0 fir en héije Risiko steet an 100 fir en niddrege Risiko, leien d’Lëtzebuerger Fongen am Duerchschnëtt bei 34 Punkten. Kee vun hinne konnt iwwer 50 kommen.

Fongen

Lëtzebuerg muss endlech d’Féierungsroll iwwerhuelen erkläert d’Jennifer Morgan, Presidentin vu Greenpeace International. „D’Upassunge vu senger Fongenindustrie a sengem Finanzsecteur am Allgemengen un d’Ziler vum Paräisser Ofkommes zur Bekämpfung vun der globaler Erwiermung ass de gréisste Beitrag, dee Lëtzebuerg fir d’Zukunft vun eisem Planéit leeschte kann.“

Fir ze iwwerliewen a konkurrenzfäeg ze bleiwe muss d’Lëtzebuerger Fongenindustrie Responsabilitéit iwwerhuelen. D’Politik muss Decisiounen treffe fir d’Finanzindustrie an Eeklang mat de Klimaschutzziler ze bréngen an nohalteg Investitiounen unzestriewen. Ënnert de Fuerderunge vu Greenpeace steet beispillsweis d’Obligatioun fir Nohaltegskeetsrisiken an den Investissement, sou wéi an de Prozess vum Risikomanagement.

Duerch d’Verflichtung zur Transparenz sollen Date méi kloer ersiichtlech sinn, virun allem bei emissiouns-intensiven Entreprisen. Zousätzlech sollen d’Regierung an d’Autoritéiten d’Entwécklung vum methodesche Know—How fërderen, sou dass Wëssen ausgetosch ka ginn, e Katalog mat ënnerstëtzende Moossnamen zur Verfügung steet an d’Potential vu schonn existéierende gudde Praktiken ervirgehuewe gëtt.

De ganze Rapport „The impact of the 100 largest Luxembourg investment funds on climate change“ fannt Dir HEI. D’Dokument „Investing in climate change – a climate-related analysis of the 100 largest investmeng funds in Luxembourg“ fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: Matheus Ribs – Greenpeace Luxembourg / Facebook

Related topics Analys, CO²-Emissiounen, Fongen, Greenpeace, he impact of the 100 largest Luxembourg investment funds on climate change, Klimakris, Klimawandel, Lëtzebuerg, Nohaltegkeet, Paräisser Ofkommes
Next post Previous post